Radioen

On air

Notturno  |  The Notwist - One With The Freaks

play_arrow Live
search

/ Claudia Monti: Net déi selwecht Feeler maache wéi bei der UNISEC

Zukünftege Prisong zu Dräubuer

Claudia Monti: Net déi selwecht Feeler maache wéi bei der UNISEC

Hir Virstellunge fir den zukünftege Prisong fir Mannerjäreger huet d’Nach-Ombudsman Claudia Monti um Donneschdegmoie virgestallt, a Form vun engem themateschen Dossier vu 86 Säiten. Dat an hirer Funktioun als extern Kontrollerin vun zouenen Anstalten.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Claudia Monti | © Michelle Barthel play_arrow
Claudia Monti (Foto: Michelle Barthel)

Zu Dräibuer soll also ee richtege Prisong fir Mannerjäreger entstoen. Den Terrain vun der aktueller UNISEC (Unité de sécurité du Centre socio-éducatif) wier awer net adaptéiert dofir, kritiséiert d’Claudia Monti. Si schwätzt vu Sécherheets- a Plazproblemer. De Standuert zu Dräibuer géif eng Rei Contrainte matsechbréngen.

"Do hu mer geographesch Contrainten, do hu mer ee Floss, dee fléisst, mir hu Bauten, déi protegéiert sinn, et ass net wahnsinneg grouss. Dat heescht. mir si limitéiert um Ausbau."

Virgesinn ass, datt am zukünftege Prisong zu Dräibuer 30 Zellen zur Verfügung stinn. D’Claudia Monti zweiwelt dorun, datt dat am Alldag duer geet. 15 Zelle si fir Meedercher a 15 fir Jonge virgesinn, déi mussen zum Deel och getrennt ginn.

Etüd fir rauszefanne wéi vill Personal gebraucht gëtt

Onkloer wier fir de Moment, wéi vill Personal fir de Prisong fir Mannerjäreger gebraucht gëtt, esou d’Claudia Monti. Dowéinst misst nach eng Etüd dozou gemaach ginn, recommandéiert si.

Bis de geplangte Prisong zu Dräibuer fäerdeg ass, wäerten awer nach eng Partie Jore vergoen. 2027 soll een Deel vun der UNISEC ëmgebaut sinn als als Prisong funktionéieren. Duerno géif bäigebaut ginn. D‘Claudia Monti bezweiwelt, datt dat virun 2030 geschitt.

"E positive Fouss bei d'Këscht"

D’Gesetz fir de Jugendprisong soll nach dëst Joer deposéiert ginn, hat de Justizministère ugekënnegt. Dat wier nach aktuell, esou haut d’Claudia Monti. Si hält a 14 Deeg als Ombudsman an als extern Kontrollerin fir zouen Anstalten op.

D’Claudia Monti hofft, datt hir Recommandatiounen zum geplangte Jugendprisong op deene richtege Plaze gelies ginn. Hir Recommandatioune sollen een Usporn sinn. Et hätt een elo d‘Geleeënheet eppes Neies ze maachen an et sollen net déi selwecht Feeler gemaach ginn, wéi bei der UNISEC.

"Elo wëlle mer wierklech eppes maachen, wou mer soen, hei, mir hunn iech eppes ginn, kuckt iech et un, mir hunn eis gutt informéiert, mir hunn iwwer véier Säite Bibliografie, mir hu mat Jonke geschwat, ech war d' lescht Joer och op verschidde Plazen."

Hir Recommendatioune sollen ee "positive Fouss bei d‘Këscht" sinn.

Lauschterenplay_arrow