Radioen

On air

Spektrum  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Wiseler: "Déi stäerkste Chamber an der Geschicht"

Neie Chamberpresident

Claude Wiseler: "Déi stäerkste Chamber an der Geschicht"

Duerch déi lescht Verfassungsreform huet d’Chamber méi Pouvoire wéi se jee, fënnt den neie Chamberpresident, Claude Wiseler. Well dee Posten net mat dem vum Parteichef kompatibel ass, géif hien um nächsten CSV-Kongress net méi fir e weidert Mandat als Parteipresident kandidéieren.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Hien ass jo eestëmmeg an d'Funktioun vum 1. Bierger gewielt ginn. “Eng faszinant Aufgab”, déi hie méi staark interesséiert hätt wéi e Ministerposten an der Regierung. Den neie Chamberpresident appelléiert un d'Selbstbewosstsi vum 1. Pouvoir. D’Deputéiert hätte grouss Méiglechkeeten, Afloss ze huelen.

"Duerch déi lescht Verfassungsreform huet d’Chamber méi Pouvoire wéi se jee hat. Däers solle mer eis bewosst sinn. Mir sinn déi stäerkste Chamber, déi d’Lëtzebuerger Geschicht jee hat. An dofir solle mer am Fong stolz op eis Institutioun sinn, an déi och als den Zentrum vun der Lëtzebuerger Politik, do wou déi politesch Debatte stattfannen, consideréieren."

 

De Claude Wiseler well um Krautmaart och eng Rei Diskussiounen ustoussen. Zum Beispill an der Organisatioun vun den Debatten a wat d'Riedenzäiten ugeet.

"Ech mengen, dass mer gutt géifen drun doe wa mer dat e wéineg kéinte straffen. Et wär gutt fir d’Chamber selwer, fir d’Leit, déi dobanne setzen. Mee sécherlech awer och fir déi Leit, déi eis nolauschteren. Well ech mengen, dass de an 10 Minutten oder enger Véierelsstonn ganz vill kanns soen. Du brauchs net ëmmer eng Stonn dofir."

De Modell wéi am Europaparlament mat Riedenzäite vun enger bis dräi Minutte wéilt de neie Chamberpresident awer net. Dat wier ze kuerz, fir eng Iddi komplett auszedrécken.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview