arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kanner mat spezifesche Besoine sollen am Fondamental besser integréiert ginn

Educatioun

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Kanner mat spezifesche Besoine sollen am Fondamental besser integréiert ginn

Den DP-Educatiounsminister huet virun der Press den éischten nationalen Aktiounsplang fir déi schoulesch Inklusioun am Fondamental virgestallt. Viséiert sinn an éischter Linn Kanner, déi sozio-emotional Schwieregkeeten hunn oder eventuell gewaltbereet sinn. Ganz nei sinn dës Mesuren deels net.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Claude Meisch  | © 100,7
Claude Meisch (Foto: 100,7)

An de leschte 5 Joer hätt sech d’Zuel u concernéierte Kanner bal vervéierfacht. Gemengt si Kanner déi vun der sougenannter ESEB, der équipe de soutient pour élèves à besoins spécifiques, Ënnerstëtzung kréien. D'Mesuren déi haut um Méindeg vum DP-Educatiounsminister Claude Meisch proposéiert ginn sinn, sollen op der Reform vun 2017 opbauen.

Zënter der Reforme vun 2017 wieren nämlech nei Erausfuerderunge virun allem bei der prise en charge dobäi komm. Den neien Aktiounsplang soll an der Haaptsaach déi scho bestoe Mesuren ausbauen. Dorënner d’Kompetenzzentren an d’spezialiséiert Personal.

E "Full-time-job"

An all Schoul soll dobäi eng kloer definéiert Krisen-Ekipp forméiert ginn, déi bei akute Situatiounen agräife kann. Weider soll och déi national Inclusiounskommissioun professionaliséiert ginn, esou den DP-Minister.

“Eis schwieft vir, do e professionelle Büro ze hunn, déi ganz séier och kënnen Decisiounen huelen, déi och wierklech Zäit hunn, well si dat "full time" maachen."

Duerch eng Professionaliséierung soll een dann och méi an d'Déift goe kënnen, esouwuel bei den d'Dossieren, wéi och beim Encadrement.

Manktem u Fachpersonal

Zwee esougenannt I-EBS’en, also Enseignanten, déi op Schüler mat spezifesche Besoine spezialiséiert sinn, sollen et an Zukunft an all Grondschoul ginn. Fir dat ëmzesetze wier natierlech weidere Rekrutement néideg. Den Educatiounsminister huet och zouginn, datt een a Saache Fachpersonal hei am Land op Limitte stousse géif. 

“An duerfir musse mer och méi cibléiert agéieren. Mir mussen d'Ressourcen och dohinner ginn, wou se wierklech gebraucht ginn. Mir mussen d'Zesummenaarbecht tëschent deene jeeweilegen Acteure fërderen, stäerken, institutionaliséieren.”

Plang soll nach diskutéiert ginn

E Kommitee soll hei déi generell Richtlinne virginn, esouwäit de Claude Meisch. Den Educatiounsminister wëllt dësen nationalen Aktiounsplang elo nach eng Kéier mat de concernéierten Acteuren, wéi och an der zoustänneger Chamberkommissioun, diskutéieren.

 

play_arrow Lauschteren