Et wäerten dëst Joer nach méi Gedenkfeiere kommen, wou aner KZer liberéiert goufen. Sief et Buchenwald, Bergen-Belsen, Dachau, Ravensbrück oder Mauthausen fir nëmmen un e puer ze denken. Am Mee ginn et och 80 Joer, datt d’Nazi-Däitschland kapituléiert huet an den zweete Weltkrich an Europa endlech eriwwer war.
Et ginn ëmmer manner Mënschen déi temoignéieren
Et ass wichteg, datt Mënschen déi esou Atrocitéiten erlieft hunn, doriwwer schwätzen, an dat esou d’Erënnerung erhale bleift, a virun allem wat alles ka geschéie wa mer net uecht ginn.
De Claude Marx huet 91 Joer. Hien ass een Iwwerliewende vun der Shoah a vum zweete Weltkrich. Hien ass gebierteg vun Nanzeg a lieft haut zu Lëtzebuerg.
"Moi, je considère que notre rôle est essentiel, notre rôle est absolument nécessaire. Parce que lorsque nous aurons disparu, tous ces gens qui étaient à Auschwitz ne pourront plus montrer leur tatouage. Il faudra des sentinelles, il faudra des passeurs. Alors ce qui est important pour nous, c’est de jeter une passerelle entre ce que nous avons vécu et ce qui se passe actuellement."
"Et ass eis Aufgab ze denoncéieren"
Tëscht der Welt déi dem Claude Marx seng Generatioun erlieft huet, an der Welt vun haut gëtt et e Gruef. Net nëmmen am Kontext vum Rassismus dem Antisemitismus: Et sinn zwou verschidde Welten. Et ass eis Missioun wa mer d’Beispill vun den Atrocitéite vum KZ Auschwitz huelen, ze denoncéieren.
"Tous ces massacres qui se sont passés ultérieurement, je pense au Rwanda, je pense au Cambodge, toutes ces choses épouvantables, qui aujourd’hui sont devenues presque monnaie courante, on voit ça avec une certaine distance."
An et ass un eis déi Faiten, nach emol, ze denoncéieren, betount de Claude Marx weider. Zu senger Zäit gouf et nach keng sozial Reseauen, déi awer vill Potenzial hunn.
Eng Menace fir d’Demokratie
De Claude Marx seet, datt et u Mënsche wéi him ass, déi jonk Mënschen ze avertéiere wat alles eis Demokratie kéint menacéieren.
"Parce que nos démocraties sont fragiles, je le dis dans chaque discours, nos démocraties sont fragiles. Et on voit autour de nous, actuellement, comme il y en a certaines qui s’écroulent."
"Il ne faut jamais rester indifférent"
De Claude Marx huet mam Marian Turski, dem President vum Internationalen Auschwitz-Comité e Film zu Auschwitz realiséiert. De Mariam Turski sot him virun e puer Joer. “Auschwitz ist nicht vom Himmel gefallen.”
"Et à nous, puisqu’on était trois, il y avait trois jeunes et moi qui jouais dans le film. Il nous a dit: 'Il ne faut jamais rester indifférent. Il faut se lever, il faut se lever et lever le poing'."