Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Christine Lagarde: Diskussioun iwwer d'Baisse vum Leetzëns wier verfréit

Europäesch Zentralbank

Christine Lagarde: Diskussioun iwwer d'Baisse vum Leetzëns wier verfréit

D’Europäesch Zentralbank huet decidéiert d’Zënsen am Euroraum elo mol net erof ze sëtzen. Deemno bleift de Leetzëns, zudeem d’Banke Sue léine kënnen, bei 4,5 %. Dat huet d’EZB haut zu Frankfurt decidéiert. Eng Diskussioun iwwert d’Baisse vum Leetzëns wier verfréit esou d’Christine Lagarde.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Christine Lagarde, Presidentin vun der EZB | © picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt play_arrow
Christine Lagarde (Foto: picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt)

D’Lescht Woch hat d'Presidentin vun der europäescher Zentralbank um Weltwirtschaftsforum zu Davos eng méiglech Baisse vum Leetzëns am Summer an Aussiicht gestallt. Et géif elo awer e Konsens am Conseil ginn datt esou eng Diskussioun nach verfréit wier huet et haut vu Frankfurt aus geheescht.

Deemno bleift de Leetzëns zudeem d’Banke Sue bei der EZB léine kënnen elo mol onverännert bei 4,5 %. D’EZB hat d’Zënsen an de leschte Joren eropgesat fir géint d’Inflatioun unzekämpfen. Méi héich Zënse maachen d’Kreditter méi deier a sollen hëllefen datt d’Präisser net sou séier klammen. Deier Kreditter kennen och schlecht fir d’Ekonomie sinn, well d’Entreprisë manner investéieren.

Zil vum stabillen Euro

Dat iewescht Zil vun der EZB ass et, fir e stabillen Euro ze suergen. Dat Zil gesinn d'"Währungshüter" erreecht wann d’Präisser net ze staark klammen. Mëttelfristeg strieft d’Noutebank e Leetzëns vun 2 % un. Am Dezember waren d’Präisser am Euroraum méi héich wéi dat Joer virdrun. D’Inflatioun war do awer méi schwaach.

Dat kéint der EZB d’Méiglechkeet ginn d’Zënsen nees erofzesetzen. Den Zënssaz deen d’Banke kréien, wa se Sue bei der EZB parke bleift iwwerdeems bei 4 %. Dat ass sou héich wéi nach ni zanter der Aféierung vum Euro 1999.

Lauschterenplay_arrow