Radioen

On air

Concert  |  A Roman Holiday

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Christine Goy gëtt nei Generalsekretärin vum Regierungsrot

Regierungsrot

Christine Goy gëtt nei Generalsekretärin vum Regierungsrot

Nei Generalsekretärin vum Regierungsrot wäert d’Christine Goy ginn, als Nofollgerin vum Jacques Flies.

auto_stories

1 min

© SIP / Emmanuel Claude
(Foto: SIP / Emmanuel Claude)

Als “secrétaire générale désignée du Conseil de gouvernement” war d’Christine Goy de Moie bei der éischter Sitzung vum Regierungsrot am Staatsministère mat dobäi.

Zënter gutt zwee Joer war d’Juristin Christine Goy Generalsekretärin am Justizministère. Do virdru war si “secrétaire générale adjointe” am Ausseministère.

2005 hat d’Christine Goy fir d’CSV bei de Gemengewalen an der Stad kandidéiert, mam deemolege Spëtzekandidat Laurent Mosar.