Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - Mystery Of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Chômage klëmmt ëm 16 Prozent par rapport zu Februar 2023

ADEM

Chômage klëmmt ëm 16 Prozent par rapport zu Februar 2023

De Chômage geet weider erop. 18.166 Persoune waren am Februar op der Sich no enger Aarbecht. Iwwer 2.500 méi, wéi d‘lescht Joer am Februar. Wat eng Hausse vun iwwer 16 Prozent ausmécht.

auto_stories

1 min

Der ADEM no betrëfft dat all d‘Kategorien, virun allem awer Leit mat Unisdiplomer a Jonker ënner 30.

Am meeschten ass d‘Zuel vun den Demandeurs d‘emploi am Bausecteur an d‘Luucht gaangen, duerno kënnt de Finanz- an Immobiliesecteur an d‘Industrie.

De Chômagetaux läit domat am Februar bei 5,6 Prozent.

Och d‘Zuel vun den neien Inscriptioune bei der ADEM ass eropgaangen. Am Februar hu sech iwwer 3.300 Residente beim Aarbechtsamt ageschriwwen. 16 Prozent méi wéi virun engem Joer nach.

Par conter geet d‘Zuel vun den ausgeschriwwene Plazen zréck. Am Februar goufe ronn 3.150 fräi Plaze gemellt, eng Baisse vun iwwer 7 Prozent, wann ee mat Februar 2023 vergläicht.