Radioen

On air

De Weekend  |  Nilüfer Yanya - Mutations (Edit)

play_arrow Live
search

/ China verzeechent dat wäermste Joer jeemools

Meteo

China verzeechent dat wäermste Joer jeemools

D‘Joer 2023 war dat wäermsten, wat jeemools a China opgezeechent gouf. Dat huet déi staatlech Tëlee gemellt, op Basis vun Donnéeë vum nationale Wiederdéngscht.

auto_stories

1 min

© picture alliance / CFOTO | CFOTO
(Foto: picture alliance / CFOTO | CFOTO)

An der Moyenne louch d‘Temperatur zejoert bei 10,7 Grad, een hallwe bis 1 Grad méi wéi den Duerchschnëtt an esou vill wéi nach ni zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen am Joer 1961.

De Summer a China war vun enger Serie vun Hëtzerekorder gezeechent, notamment an der Haaptstad Peking wou 27 Deeg hannerteneen de Quecksëlwer op iwwer 35 Grad geklomme war.