Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The Last Dinner Party - Nothing Matters

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Chef vun tierkescher Oppositioun trëtt zeréck

Tierkei

Chef vun tierkescher Oppositioun trëtt zeréck

De Chef vun der tierkescher Oppositioun, Kemal Kilicdaroglu muss no senger Walnéierlag géint de President Erdogan säin Hutt zéien. D‘Delegéiert vun der gréisster Oppositiounspartei CHP hunn de Muere majoritär géint de 74 Joer ale Politiker gestëmmt.

auto_stories

1 min

Den 49-Joer alen Özgür Özel gouf als hiren neie Leader gewielt. De Wiessel un der Spëtzt ass eng Zäsur fir d‘Mëtt-Lénks Partei. De Kilicdaroglu war 13 Joer laang Parteichef.

Hie war staark dofir kritiséiert ginn, datt hien no senger Defaite net demissionéiert hat. Seng Partei huet duerno ëmmer méi zerstridde gewierkt. Den neie Chef steet fir Reforme bannent der Partei.