Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Chef vun der südkoreanescher Regierungspartei trëtt zeréck

Nom politesche Chaos

Chef vun der südkoreanescher Regierungspartei trëtt zeréck

A Südkorea ass de Chef vun der Regierungspartei um Méindegmoien zeréckgetrueden. Dat zwee Deeg nodeems d'Parlament fir eng Motioun gestëmmt hat, fir de President Yoon Suk Yeol ofzesetzen, nodeems hien d'Krichsrecht deklaréiert hat.

auto_stories

1 min

© Bigstock
Foto: Bigstock

De Chef vun der Regierungspartei PPP Han Dong-hoon huet op der Televisioun säi Récktrëtt als Parteichef annoncéiert.

Déi südkoreanesch Justiz huet iwwerdeems deen ofgesate President fir e Verhéier geruff. Hie soll iwwermuer vun den Enquêteure gehéiert ginn.