An de leschte 45 Deeg gouf an der Stad op verschiddenen Plaze Chrëschtdagsstëmmung ugebueden. “Mir si ganz zefridden", seet de Charles Hary, de President vun der Federatioun vun de Forainen. Si hätte keng Kritik par Rapport zur Editioun 2023.
Zréck an d'Normalitéit
De Fait, dass de Chrëschtmaart a verschiddenen Quartiere vun der Stad organiséiert gouf, wier ganz gutt, et wiere vill Leit komm, Residentë mee och Touristen. Jidderee wier och frou, datt et no der laanger Coronazäit einfach erëm Normalitéit gouf.
De Chrëschtmaart huet vun Ausgangs November bis Ufank Januar gedauert, am ganze 45 Deeg. “Dat ass net ze laang” seet de Charles Hary, “mee optimal”. Deen eenzege Kritikpunkt, deen d’Forainen hunn, ass de ville Reen aus de leschten Deeg. Mee dorun ass näischt ze änneren, dat weess och de Charles Hary.
Botzen, raumen, flécken
Wann d’Buden e Méindeg bis ofgerappt sinn, wäerten d’Forainen hiert Material botzen an an d’Rei bréngen. Am Abrëll geet d’Saison da weider mat der Escher Kiermes, seet de President vun de Federatioun vun de Forainen, déi eng 45 Memberen huet, Lëtzebuerger an och auslännesch Residenten.