Hannergrond vum Chantier war en Tëschefall un der Deenungsfou um Viaduc Mënsbech. Ursprénglech hätten d‘Aarbechten den 2. November scho sollte fäerdeg ginn. Deen Datum wier och agehale ginn, betount d‘Ministesch, et wier awer just eng provisoresch Léisung en place gesat ginn.
Duerch déi wieren och déi aktuell Spuerbreeten an d‘Vitesslimitatioun op 70 Stonnekilometer néideg. Den Ament géifen Analyse gemaach ginn, fir eng permanent Léisung ze fannen. An dat kéint nach e puer Méint daueren.