Radioen

On air

Notturno  |  Stereolab - Miss Modular

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Chamberwalen: All eis Table-ronden

Dossier

Chamberwalen: All eis Table-ronden

Den 8. Oktober wielt Lëtzebuerg 60 nei Deputéiert. Hei fannt Dir all eis thematesch Table-ronden.

auto_stories

9 min

 

​​​​​Déi véier grouss Parteien iwwer d'Fro: Méi oder manner Staat?

 

Luc Frieden, Paulette Lenert, Sam Tanson, Xavier Bettel | © Chris Zeien
(Foto: Chris Zeien)

Déi véier national Spëtzekandidaten a Spëtzekandidatinnen hunn an eiser Table Ronde virun de Chamberwale vun dësem Sonndeg Ënnerscheeder an der Logements- a Klimapolitik kloer gemaach.

Wärend den CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden méi op de fräie Marché a manner op contraignant Mesurë setzt, setzen d'Vertrieder vun der aktueller Dräierkoalitioun tëscht blo-rout-gréng méi op d'Responsabilitéit vun der ëffentlecher Hand.

Lauschteren


Debat: Wéi gi mir de Stau lass?

IVD Käerjeng | © Morgane Weidig
(Foto: Morgane Weidig)

Viru knapp dräi Woche gouf eng nei Variant vum Käerjenger Contournement virgestallt. Brauch Lëtzebuerg méi Contournemente fir dem villen Trafick Meeschter ze ginn? Oder gëtt de Problem doduerch just verlagert? Dat war eng vun de Froen, där sech den Yves Cruchten (LSAP), de Marc Goergen (Piraten), d’Barbara Agostino (DP), an de Fernand Kartheiser (ADR) an eisem Debat zum Theema Mobilitéit gestallt hunn.

Lauschteren


Debat: Wéi maache mir eise Gesondheetssystem fit fir Zukunft?

Diskussiounsronn um Potaschbierg | © Jo Dieseviscourt
(Foto: Jo Dieseviscourt)

D’Carole Hartmann (DP), de Jean-Claude Schmit (LSAP), de Claude Wiseler (CSV) an de Steve Schmitz (Liberté) hunn de Freideg Moie live virum Centre Medical um Potaaschbierg iwwer de Lëtzebuerger Gesondheetssytem diskutéiert.

Lauschteren


Table ronde zum Thema Wunnengsbau a Klimaschutz

Diskussiounsronn iwwer Klimaschutz a Wunnengsbau | © Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

Zum Deel kontrovers diskutéiert gouf op eiser grousser Table ronde dräi Woche virun de Chamberwahlen 2023. Déi grouss Theeme mat de Vertrieder vun zéng Parteie waren d’Verspriechen an de Beräicher Kampf géint de Klimawandel a Kampf géint d’Wunnengskris.

Lauschteren


Erhéijung vun der CO2-Steier och no 2026? D'Ëmweltministerin wëllt sech net festleeën

Diskussiounsronn zu Knapphouschent | © Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

Um Bauerenhaff zu Knapphouschent koumen d’Joëlle Welfring vun déi gréng, Martine Hansen vun der CSV, Myriam Cechetti vun déi Lénk an de Michel Lemaire vun der ADR an enger Table ronde zesummen.

Lauschteren


Table Ronde: Wéi kréie mer d'Wunnengskris geléist?

All Parteie si sech mëttlerweil eens, datt mer däitlechméi Wunnengen am Land brauchen. Mee wéi kritt een déi am séierste gebaut? Op dem Punkt ginn d’Meenungen auserneen.

Lauschteren