Walprogramm: D’Piraten hunn eng Propos iwwer d’Crèchen "vergiess"
![De Sven Clement vun der Piratepartei. | © Morgane Weidig De Sven Clement vun der Piratepartei. | © Morgane Weidig](/1_Foto/100komma7.lu/95509/image-thumb__95509__base_thumbnail/Sven%20Clement.37958f5c.jpg)
Wann een d’Propose vun all deene grousse Parteie géif zesummerechnen, da géif ee warscheinlech bei deene Saachen erauskommen, déi d’Pirate proposéieren. Dat sot de Sven Clement hei op der Antenn.
Fred Keup: “D’Virwërf géint den ADR-Vizepresident si mir komplett Wurscht”
![Fred Keup | © Morgane Weidig Fred Keup | © Morgane Weidig](/1_Foto/100komma7.lu/92191/image-thumb__92191__base_thumbnail/Fred%20Keup.add53085.jpg)
Den ADR-Spëtzekandidat Fred Keup seet et wier him “komplett Wurscht”, datt de Vize-President vu senger Partei e Symbol benotzt huet, wat och vu Gruppe benotzt gëtt, déi vum däitsche Verfassungsschutz observéiert ginn.
Déi Lénk hu “keng Positioun zu Waffeliwwerungen un d’Ukrain”
![Carole Thoma | © Jo Diseviscourt Carole Thoma | © Jo Diseviscourt](/1_Foto/100komma7.lu/89458/image-thumb__89458__base_thumbnail/Carole%20Thoma.f44bbc71.jpg)
Déi Lénk hu keng offiziell Positioun dozou op Lëtzebuerg soll Waffen un d’Ukrain liwweren oder net. Dat sot d’Spriecherin vun déi Lénk hei op der Antenn.
Fokus: “De Staat ka 25.000 Wunnenge bauen, wann e wëll”
![Marc Ruppert | © Jo Diseviscourt Marc Ruppert | © Jo Diseviscourt](/1_Foto/100komma7.lu/88630/image-thumb__88630__base_thumbnail/Marc%20Ruppert.76a1ef7e.jpg)
De President vu Fokus betount, seng Partei géif keng Fuerderunge stellen, déi “aus dem bloe gegraff sinn”. All d’Mesuren, déi Fokus en vue vun de Wale proposéiert, wieren “ëmsetzbar a finanzéierbar”, esou de Marc Ruppert de hei op der Antenn.
Liberté-Spëtzekandidat: “Ech hunn net vill aner Kandidate kannt”
![Giovanni Patri | © Jo Diseviscourt Giovanni Patri | © Jo Diseviscourt](/1_Foto/100komma7.lu/87340/image-thumb__87340__base_thumbnail/Giovanni%20Patri.a7048a25.jpg)
De Sträit tëscht den zwee Spëtzekandidate vu Liberté-Fräiheet am Südbezierk schéngt keng juristesch Poursuitten ze kréien. Den Giovanni Patri sot hei op der Antenn, seng Co-Spëtzekandidatin Perrine Felix hätt sech an Tëschenzäit “e bësse berouegt”.
"PR-Katastroph fir d’ADR”: De Joe Thein hofft dovun ze profitéieren
![Joe Thein | © Chris Zeien Joe Thein | © Chris Zeien](/1_Foto/100komma7.lu/84958/image-thumb__84958__base_thumbnail/2023-09-21-Joe%20Thein.35a7de94.jpg)
De Joe Thein hofft, datt seng Partei, Déi Konservativ kënnen dovu profitéieren, datt d’ADR am Moment an der Kritik steet.
Sam Tanson: “An der Klimapolitik si mir do, wou mir musse sinn”
![Sam Tanson | © Chris Zeien Sam Tanson | © Chris Zeien](/1_Foto/100komma7.lu/62080/image-thumb__62080__base_thumbnail/Sam%20Tanson.10d3c58f.jpg)
Um rietsen a konservative Bord vun der Gesellschaft géif deels e Bild vun der grénger Partei gezeechent ginn, wat net der Realitéit entsprécht, esou d’Sam Tanson de Moien am 100,7-Interview. Si betount, déi gréng wären eng Partei, déi fir eng oppe Gesellschaft asteet, an dat wéilte verschidde Parteie gezilt diskreditéieren.
D'Paulette Lenert setzt keng rout Linnen
![Paulette Lenert | © Chris Zeien Paulette Lenert | © Chris Zeien](/1_Foto/100komma7.lu/60076/image-thumb__60076__base_thumbnail/2023-09-18-Paulette%20Lenert.2ce5c321.jpg)
D'Paulette Lenert huet am Moment keng Preferenz fir e Koalitiounspartner. D'LSAP hätt gutt mat deene Gréngen a mat der DP zesummegeschafft, si kéint sech awer och eng Zesummenaarbecht mat anere Parteie virstellen, sou d'LSAP-Spëtzekandidatin.
Luc Frieden: “Meng Steierpropose kaschte manner wéi 1 Milliard”
![Luc Frieden | © Chris Zeien Luc Frieden | © Chris Zeien](/1_Foto/100komma7.lu/58516/image-thumb__58516__base_thumbnail/Luc%20Frieden%20kkk.ec5c9663.jpg)
Den CSV-Spëtzekandidat seet, et kéint een zwar net genee berechnen, wéi vill d’Steiererliichterunge wäerte kaschten, déi hie proposéiert. Hie geet awer vun engem Käschtepunkt vun ënner enger Milliard Euro pro Joer aus.
De Premier nennt dräi rout Linnen
![Xavier Bettel | © Chris Zeien Xavier Bettel | © Chris Zeien](/1_Foto/100komma7.lu/55804/image-thumb__55804__base_thumbnail/Xavier%20Bettel.0bc30b1d.jpg)
De Premier Xavier Bettel huet dräi rout Linnen, un deenen hien an eventuelle Koalitiounsverhandlunge wéilt festhalen.
D'Ofschafe vun de Walbezierker an dem traditionelle Schoulsystem
![Philippe Schannes | © Chris Zeien Philippe Schannes | © Chris Zeien](/_default_upload_bucket/44201/image-thumb__44201__base_thumbnail/thumb_159590_default_big.accafda4.jpg)
Méi Europa an d'Bierger stäerken: dofir stéing d'Partei Volt Lëtzebuerg, esou hire Vize-President Philippe Schannes hei um radio 100,7. Hie kandidéiert am Bezierk Oste fir d'Partei, déi Enn 2018 gegrënnt gouf, an also elo eng éischte Kéier bei Chamberwalen untrëtt. Op verschiddene Sujeten huet d'Partei ganz genau Virstellungen.
Liberté a Fokus gräifen de politeschen Establishment un
![Roy Reding a Frank Engel | © Chris Zeien Roy Reding a Frank Engel | © Chris Zeien](/1_Foto/100komma7.lu/58495/image-thumb__58495__base_thumbnail/Roy%20Reding%20a%20Frank%20Engel.05783b22.jpg)
De Roy Reding (Liberté-Fräiheet) an de Frank Engel (Fokus) wëlle mat hire neie Gruppéierungen den traditionelle Parteiesystem opbriechen. Eng gemeinsam Partei kënnt awer fir si net a Fro.
KPL: D'Opmierksamkeet fir politesch Iddien ass am Walkampf méi grouss
![Ali Ruckert | © Chris Zeien Ali Ruckert | © Chris Zeien](/legacy/images/20276/image-thumb__20276__base_thumbnail/Ali%20Ruckert.e6a673f5.jpg)
Bei de Chamberwalen den 8. Oktober, trëtt déi kommunistesch Partei Lëtzebuerg an dräi Bezierker un. Wéinst enger Rei vun Ofsoe wier et net méiglech gewiescht, eng Kandidatelëscht fir de Bezierk Norden ze deposéieren. Déi kommunistesch Partei ass zanter 2004 net méi an der Chamber vertrueden. Bei de Chamberwalen 2018 hat d'KPL mat véier Lëschten 1,27 Prozent vun de Stëmme kritt.