RTL hat d’lescht Woch gemellt den Giovanni Patri hätt eng Mise en Demeure géint d’Madamm Felix lancéiert, well si domat gedreet hat, eng Video-Opnam vun hirem Co-Spëtzekandidat ze Verëffentlechen, déi se heemlech gemaach hat.
D' Perrine Felix hätt sech an Tëschenzäit “e bësse berouegt”, esou datt warscheinlech keng weider Schrëtt néideg wieren. Hien huet awer net bestridden, datt et Tensioune gouf. Si hätt déi "ganz schlecht Iddi", gehat hien ouni senges Wëssens opzehuelen, huet den Giovanni Patri erkläert.
"Jo, eng Toun- a Videoopnahm an et huet gesot, si géif dat public maachen. Och wann ech näischt Aussergewéinleches do dra gesot hunn, mee et ass de Prinzip selwer. Iergendwann muss een dat stoppen, dofir krut hatt och eng Mise en Demeure avant poursuite fir opzehalen.”
RTL hat d’lescht Woch als éischt gemellt, datt et bei Liberté Tensiounen op der Südlëscht gëtt. Virdrun haten och schonn d’Liberté-Kandidaten aus dem Norden sech géigesäiteg Reprochen op de soziale Reseauen gemaach.
Nei Perséinlechkeeten entdecken
D Giovanni Patri seet d’Tensiounen tëscht de Kandidate vun der neier Partei wieren och drop zréckzeféieren, datt d’Lëschte ganz séier opgestallt goufen. Eng ganz Rei Kandidaten hätten sech net géigesäiteg kannt, éier si sech bei Liberté engagéiert hunn, esou den Giovanni Patri. Bei him selwer wier dat och esou gewiescht.
“Ech wäert transparent sinn: Ech hunn der guer net vill kannt op der Lëscht. Et sinn der, déi hu mech kannt duerch mäin Engagement wärend Covid. Déi wousste, wien ech war."
Huet et de Spëtzekandidat aus dem Süden dan net gestéiert, datt hie bal kee op der Lëscht kannt huet?
"Eigentlech net, well et entdeckt een nei Perséinlechkeeten, nei Leit. Do mierkt een op eemol, datt een zum Beispill mat dem engen oder aneren an dem selwechte Veräin ass, oder déi selwecht Aktivitéit huet, an dat si flott Iwwerraschungen.”
Den Giovanni Patri war bei de Kommunalwalen nach CSV-Kandidat.
De Spëtzekandidat am Süden vu Liberté-Fräiheet, Giovanni Patri, huet sech eisem Suedeltest gestalt.