De Fokus-President konnt awer net chiffréieren, wéi vill et de Staat géif kaschten, fir 25.000 Wunnengen bannent de nächste fënnef Joer ze bauen, esou wéi seng Partei et fuerdert. Mee de Käschtepunkt dierft bei der Propos och keng Roll spillen, esou de Marc Ruppert.
“Ganz éierlech gesot: An der Situatioun, wou mir elo sinn, wou mir an engem Land sinn, wat esou een décke Staatsbudget huet, a wou mir soen mir hu jonk Leit, déi sech hei näischt méi kënne leeschten. Da si mir an enger absoluter Noutsituatioun, an da kënne mir net op dësem Sujet – wou jidderee seet, dat ass den Allerwichtegsten – driwwer diskutéieren, op mir dat elo finanzéiert kréien oder net. Dat wäert ee kënne finanzéieren, wann een dat wëllt.”