Wéinst dëser Farlässegkeet, hätt de Millionär säi Mëssbrauchsnetzwierk méi wéi 20 Joer laang kënne fortsetzen. Schonn 1996 hätt et deemno Indicatioune fir Mëssbrauchsfäll ginn. Déi wiere vum FBI awer jorelaang ignoréiert ginn, heescht et an der Klo.
Den Epstein war am Juli 2019 festgeholl ginn. Hie soll vill Fraen a mannerjäreg Meedercher sexuell mëssbraucht an anere Männer zougefouert hunn. Ronn ee Mount duerno hat hien sech selwer a senger Zell d‘Liewe geholl.