Déi Mëllech gouf bis elo um Site zu Eescheler traitéiert, fir dann op international Marchéë weiderverkaaft ze ginn. Dat wier awer mat finanzielle Perte verbonne gewiescht, esou Lactalis.
Si verspriechen elo, d'Mëllechproduzenten an den nächsten Deeg ze begleeden, fir Léisungen ze fannen, wéi si hir Produktioun kënne weiderféieren.
Lactalis ënnersträicht och, datt si awer weiderhin um Site vun Eescheler wëlle festhalen.
Luxlait kann net vill hëllefen - Reunioun mat der Ministesch steet un
Den Direkter vun der Luxlait, de Gilles Gerard, huet gëschter op der Onlineplattform LinkedIn geschriwwen, datt si de betraffene Bauere wéilten entgéintkommen, mee déi grouss Quantitéite vu Mëllech wier awer fir si net ouni Weideres zeabsorbéieren.
D'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen huet hirersäits e Méindeg an der Mëttesstonn eng Reunioun mat Vertrieder vun den 68 Baueren. Si huet gëschter preziséiert, datt de Ministère awer wéineg Spillraum hätt. Si kéinte just bei der Léisung Sich hëllefen.
Kachkéis kënnt net vun Eescheler
D’Martine Hansen huet gëschter confirméiert, datt schonn elo keng fäerdeg Produkter méi um EKABE-Site zu Eescheler hiergestallt ginn: “Den EKABE-Kachkéis gëtt net hei gemaach”, esou d’Ministesch.
Lactalis huet d‘EKABE iwweregens schonn 1989 iwwerholl.