Radioen

On air

9 bis 1  |  GERO - Kompetenzzenter fir den Alter

play_arrow Live
search

/ Caritas: Wisou deen Drock op de leschte Stëppel?

Konsequenze vum Finanzbedruch

Caritas: Wisou deen Drock op de leschte Stëppel?

De Start fir déi nei HUT asbl ass holpereg, dat ass dat mannst wat ee ka soen. De Caritas-Successeur huet sech scho mam OGBL ugeluecht an an der Chamber gëtt et Kritik un de Modalitéite vum Personalwiessel.

auto_stories

2 min

headphones

6 min

play_arrow

Firwat gouf et déi lescht Deeg nach ëmmer esou vill Drock an Onkloerheeten an dëser Affär, 11 Wochen nodeems de Finanzbedruch bei der Caritas opgeflunn ass?

Een normalen transfert d‘entreprise hätt et erlaabt, d‘Personal 1 zu 1 ze iwwerhuelen, seet den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck. Dat wier vill méi séier gaangen, et wier zu manner Mësstrauen beim Personal komm an d‘Personal hätt net fir d‘éischt misste kënnegen an dann direkt en neie Kontrakt ënnerschreiwen.

Iwwer d‘Grënn, firwat dat net geschitt ass, kann ee just spekuléieren. Et gi Sourcen déi soen, datt HUT d‘Generaldirektioun net hätt wëlle mat iwwerhuelen. Dat eleng dierft awer net duergoen, fir z‘erklären, firwat een déi 350 Leit op déi do Manéier iwwerhëlt.

Geriicht wäert missen tranchéieren

De Smail Sujic vum OGBL huet jo och schonn annoncéiert, datt den OGBL viru Geriicht kläre wëllt, ob déi gewielte Manéier fir d‘Mataarbechter:innen ze iwwerdroe legal war, oder net.

Wann HUT dono vum Aarbechtsgeriicht attestéiert kréich, datt si hätte missen en Transfert maachen an net d'Leit eenzel astellen, da wier dat ee Supergau.

D‘Stëmmung beim Personal ass katastrophal, mee vill Leit gesi keng grouss Alternative wéi nei Kontrakter bei der HUT ze ënnerschreiwen. An de leschte Méint si si méi an der Press gewuer ginn, wéi an hirer eegener Entreprise.

Eng ganz Partie Leit wäerten och net bei d‘HUT iwwerholl ginn an déi wësse souguer haut nach net, wéi et mat hinne viru geet; zum Beispill d‘Leit déi bei der Caritas fir d‘Projete vun der internationaler Kooperatioun zoustänneg sinn.

Gëtt d‘Fondatioun liquidéiert?

D‘Fondatioun huet keng Sue méi, ee gudden Deel vum Personal ass bei HUT eriwwer geplënnert, soss gëtt et offiziell weider keng Kloerheet. An den nächsten Deeg sollen awer nach Sue vum Staat bei d‘Caritas fléissen, well d‘Caritas nach Servicer fir de Staat erfëllt huet, déi awer bis elo nach net bezuelt gi sinn.

Domat wier déi imminent Liquidatioun vun der Caritas eventuell vum Dësch.

Lauschterenplay_arrow