Radioen

On air

Concert  |  Ee Quintett an zwee Quartetter

play_arrow Live
search

/ Caritas-Spezialkommissioun invitéiert de Bistum an den ale Verwaltungsrot

Nom Finanzskandal

Caritas-Spezialkommissioun invitéiert de Bistum an den ale Verwaltungsrot

D’Presidentekonferenz vun der Chamber huet haut um Donneschdeg d’Lëscht vun deenen, déi an d’Spezialkommissioun Caritas invitéiert solle ginn, guttgeheescht. Dat huet de Claude Wiseler op Nofro hi confirméiert.

auto_stories

1 min

Invitéiert sinn: De Caritas-Verwaltungsrot, Hëllef um Terrain (HUT), de Bistum, all Ministèren, déi Konventiounen haten oder hunn, grad wéi d’Entreprise PWC.

D’Spezialkommissioun Caritas wäert vum CSV-Deputéierten Laurent Zeimet presidéiert ginn. D’Vize-Presidente sinn d’Carole Hartmann vun der DP an d’Djuna Bernard vun déi Gréng. Rapportrice ass d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding. Am Prinzip soll d’Kommissioun all Woch mëttwochs zesummekommen, an hir Aarbecht bis Abrëll d’nächst Joer ofschléissen. CSV an DP hate sech Enn Oktober dogéint ausgeschwat, datt dës Sitzungen iwwerdroe ginn.