Radioen

On air

Trendscheif  |  MJ Lenderman - Wristwatch

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Konventiounen no der Fraude: Gouf alles richteg gemaach?

Caritas Spezialkommissioun

Konventiounen no der Fraude: Gouf alles richteg gemaach?

D’Caritas-Spezialkommissioun vun der Chamber ass haut der Fro nogaangen, ob de Staat no der Fraude bei der ONG alles richteg gemaach huet mat den existenten an neie Konventiounen. D’Oppositioun war no der Entrevue mat de Beamten aus de concernéierte Ministèren der Meenung, datt nach eng ganz Rei Froen opstoe bliwwe sinn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

De Staat huet am Summer jo seng Konventioune mat der Caritas gestoppt, an nei Konventioune mat der HUT asbl ënnerschriwwe fir d’Aktivitéite vun der Caritas z’iwwerhuelen. 

Wéi konnten Agrement sou séier ofgeholl ginn?

Eng Fro ass, wéi et dozou konnt kommen, datt de Staat der Caritas nom Geldklau vun 61 Milliounen Euro esou séier konnt d’Agrementen ofhuelen, fir am Numm vum Staat Aktivitéiten auszeféieren. Der LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding no, wier offiziell ni eng cession d‘activité ausgeschwat ginn.

"Et huet och geheescht, datt d’Caritas den Agrement wech geholl kritt huet, dofir misst en eng mise en demeure maachen. Lo ass et sou, dass si gesot hunn, dass een déi net misst maachen, wann eben d’Aktivitéiten net méi kënne stattfannen."

D‘Fro déi am Raum steet wier also déi, ob déi cession d‘activité declaréiert gouf, ënnersträicht d‘Taina Bofferding.

Kommissioun invitéiert Krisecomité vun der Caritas

Wann deem net esou wier, da wier sech net un d‘Critèrë gehale ginn, mengt si. Dowéinst hätt een elo als Spezial-Kommissioun de Krisecomité vun der Caritas no der Chrëschtvakanz invitéiert.

Och hinne géif een dann d’Fro stellen, wéi et zu der neier Konventioun mat der asbl HUT komm ass, sou de lénken Deputéierte Marc Baum.

"Entweder et seet een, et ass een Transfert d’entreprise, dat heescht, datt de fortlafende Betrib vun den Aktivitéiten déi virdrun d’Caritas gemaach huet, déi gi riwwer bei HUT."

Wann d‘HUT asbl awer seet, datt et keen transfert d‘entreprise gëtt, misst ee sech d‘Fro stellen op wéi enger Grondlag d‘Konventioune konnte gemaach ginn. 

Fir d'Majoritéit ginn et op vill Froen eng Äntwert

D’Majoritéit ass manner kritesch wéi d’Oppositioun. Fir d’Presidentin vun der Spezialkommissioun, d’CSV-Deputéiert Stephanie Weydert, hätt een op vill Froen eng Äntwert krit. Beispillsweis wier erkläert ginn, datt et eng gängeg Praxis wier, mat provisoreschen Agrementen ze schaffen, sou wéi dat bei der asbl HUT geschitt ass. 

Bei der Entrevue haut dobäi ware just Beamten aus DP-Ministèren, well just si Konventioune mat der Caritas haten. De Staatsministère, deen an der Krisegestioun eng aktiv Roll gespillt huet, war net vertrueden.

Lauschterenplay_arrow