Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Cargo-Handling um Findel: "Rou an den Dossier erabréngen"

Yuriko Backes

Cargo-Handling um Findel: "Rou an den Dossier erabréngen"

Wéinst dem geplangten Transfert d’nächst Joer vun den Aktivitéiten an den 1.200 Leit Personal am Cargo Center um Findel gesi sech muer Vertrieder vun der Luxair, der Cargolux an de Gewerkschaften. Dat huet d’Yuriko Backes haut am 100,7-Interview ugekënnegt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D’Deputéierten aus der Chamber-Mobilitéitskommissioun haten haut um Donneschdeg op Demande vun déi Lénk een Austausch mat der neier Mobilitéitsministerin iwwer de Cargo Center.

Muer wier eng “ganz wichteg Reunioun” fir eng Léisung auszeschaffen, a si wier ganz zouversiichtlech, datt dat méiglech ass, esou d’Mobilitéitsministerin Yuriko Backes.

"Mee ech mengen, hei musse mir Rou an deen Dossier erabréngen. Ech sinn do positiv, dass do tëschent deene concernéierte Parteien déi richteg Léisunge wäerte fonnt ginn."

Den Deputéierte vun déi Lénk David Wagner huet gefuerdert, datt d’Ministerin hir Roll soll iwwerhuelen, an an dësem Dossier intervenéiert.

"De Minister seet, ech kucken no, wat déi verschidde Verhandlungspartner matenee wäerten diskutéieren. De Minister ass ee vun de Verhandlungspartner a Wierklechkeet."

Wat Goldair plangt, ass nach net gewosst

Et wier villäicht een Optrag un d’Politik dofir ze suergen, datt d’Mataarbechter aus dem Cargo Center hir Ängschte geholl kréien, mengt den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten.

"Do kann d’Politik och hëllefe fir Drock ze maachen, dass déi Leit Sécherheet kréien, souwuel wat hir Aarbechtsplaz ugeet, awer och hir Aarbechtskonditiounen."

Dee geplangten Transfert tëschent LuxairCargo an der neier Cargolux-Duechter Luxcargo Handling gesäit den Deputéierte vun der Piratepartei Marc Goergen méi positiv. Well d’Luxair selwer net am grousse Stil Fracht flitt, wier si senger Meenung no net dee richtegen Operateur fir de Cargo Handling gewiescht.

"Obwuel si Aktionär bei Cargolux ass, gesi mir et awer elo éischter, datt d’Cargolux selwer eng Duechtergesellschaft gegrënnt huet, an dat eigentlech Sënn mécht, well déi da ganz genau op hir Besoine ka schaffen."

Déi zweet Lizenz fir de Cargo Handling hat d’lescht Woch Goldair Handling kritt: wat dës Gesellschaft um Findel plangt, konnt d’Ministerin Yuriko Backes haut nach net soen.

Lauschterenplay_arrow