De Pilotprojet gouf am Kader vu Pläng, fir LGBTQIA+ Themen an de Schoulen ze verdéiwen, virgestallt. Dat, nodeems et och ëffentlech Petitiounen an der Chamber zu deem Sujet gouf.
Claude Meisch: Kommunikatioun net optimal
D‘Annonce vun den Unisex-Toiletten hätt e Stuerm lass geléist, seet de Claude Meisch am 100,7 Interview. Hie kéint d‘Kriticken an Ängschten dozou verstoen, a gëtt zou, d‘Kommunikatioun wier net optimal gewiescht.
Elo misst ee kucken, dat kloer ze kommunizéieren, esou de Claude Meisch.
"Ech hunn dat mat ville Leit déi lescht zwee, dräi Deeg beschwat. A wann een eigentlech seet, ëm wat et geet a wat et och net ass. Well et ass och falsch kommunikéiert gi vun eenzele Politiker."
Weiderhi getrennt Vestiairë bannent Sportsinfrastrukturen
Zum Beispill wier och gesot ginn, datt getrennte Vestiairen a Sportsinfrastrukture sollen ofgeschaaft ginn.
"Wat natierlech net a Fro kënnt."
Mam Nee vum Koalitiounspartner CSV ass den DP-Minister Claude Meisch an dësem Dossier enttäuscht.
"Heiansdo muss een och vläicht, wann de Stuerm do kënnt, e bësse méi standhaft sinn an net direkt probéieren, dat parteipolitesch auszeschluechten."
Am Nationalen Aktiounsplang scho festgehalen
Am nationalen Aktiounsplang fir d‘Promotioun a Rechter vun der LGBTIQ+ Communautéit wär scho proposéiert ginn, fir Toiletten a Schoule méi inklusiv ze maachen. Dee Plang wier d‘leschte Summer mat der Zoustëmmung vun der CSV duerch de Regierungsrot gaangen, esou de Claude Meisch.
"Dat hätt och d'CSV-Fraktioun alles kënne scho laang decouvréieren. Mee et huet bis dës Woch kee sech gemellt. An dat huet mech schonn e bëssen enttäuscht. Mee dat weist dann, wat d'Ambitioun ass, fir och op esou Sujeten dann awer ganz schnell Politik wëllen ze maachen."
An der Kommunikatioun doriwwer hätt ee Saache kënne besser maachen, huet den DP Educatiounsminister zouginn. Hie géif awer um Projet festhalen, a wéilt och d‘Schoule selwer an d‘Decisioune fir den Amenagement vun den Toilettë mat abannen.
Verschidde Modeller sollen nach getest ginn
Als Datum fir de Pilotprojet am Lycée Technique du Centre nennt de Claude Meisch 2032, wann dat neit Gebai fäerdeg soll ginn. Hie schléisst awer net aus, do virdru Modeller mat Schoulen ze testen.
Entweder Unisex-Toiletten oder awer getrennt Beräicher fir Meedercher a Jongen, esou de Claude Meisch.
"Wat warscheinlech éischter de Konsens ass an der Schoul, an ech mengen och, de gesellschaftleche Konsens."
Op d‘Fro, ob d’Unisex-Toiletten an de Schoulen elo ee Sträit an der DP-CSV-Koalitioun ausgeléist hunn, äntwert de Claude Meisch:
"Ech denken, wann dat doten dee schlëmmste Sträit ass, dee mer an den nächsten dräi Joer nach wäerten hunn, dann hu mer ganz gutt zesumme geschafft."
CSV deelt kloer Positioun op soziale Medie mat
D‘CSV ass kloer géint Unisex-Toiletten a Vestiairen an de Schoulen. Dat hu si um Donneschdeg an engem Message an de soziale Medie kloer gemaach. Den DP-Educatiounsminister Claude Meisch verdeedegt am 100,7-Interview de Pilotprojet a weist sech enttäuscht iwwert d‘Kritik vum Koalitiounspartner CSV.
An deem Post gesäit een den CSV-Deputéierte Ricardo Marques mam Zitat, datt et géif drëm goen, d‘Privatsphären an Intimitéit vun de Kanner ze schützen. Sous-entendue domat, datt Unisex-Toiletten a Vestiairen dat net maachen.
D‘Iddi war en Dënschdeg vum DP-Educatiounsminister Claude Meisch an der DP-Gläichstellungsministesch Yuriko Backes an der Educatiounskommissioun vun der Chamber presentéiert ginn. Nieft anere Mesuren, wéi LGBTQIA+-Sujeten an der Schoul méi verdéift solle ginn.