Grond fir hir Reaktioun op Facebook wiere populistesch Aussoe vun der ADR wärend der Sëtzung vun der Chamberkommissioun gewiescht. D’CSV hätt dat net einfach wëlle stoe loossen, esou de Ricardo Marques.
Unisex-Toiletten als zousätzlech, separat Alternativ
Den CSV-Deputéierten hätt de Sujet vun den Unisex-Toiletten entre-temps och mam DP-Educatiounsminister Claude Meisch diskutéiert. Et misst nees Rou an den Dossier erakommen, esou de Ricardo Marques.
"Well d'Leit an d'Elteren hate vill Suergen an et bréngt kengem, wa mer nach Suergen dobäi setzen. An elo ass et immens wichteg, datt mer den Inklusiounsgedanken nees gerecht ginn an och verstoen, wat dat an enger Schoul ka bedeiten.
Eng Schoul wier kee Restaurant a keen Zuch, esou de Ricardo Marques.
"Wou ech ganz vill gelies hunn, datt da verschiddene Saachen nees vermëscht ginn. All Raum an enger Schoul huet eng Bedeitung an zemools eng Toilette, deen en en intime Beräich awer duerstellt."
An de Schoule solle getrennten Toiletten dann och net duerch Unisex-Toiletten ersat ginn, preziséiert de Ricardo Marques. D’Unisex-Toilettë sollen eng zousätzlech, separat Alternativ sinn.