Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ COSL-President begréisst Auschloss vu russeschen a belarussesche Ekippen

Olympesch Spiller

COSL-President begréisst Auschloss vu russeschen a belarussesche Ekippen

Sportlerinnen a Sportler aus Russland a Belarus si vun der Erëffnungsgsfeier vun den Olympesche Spiller ausgeschloss. An de Competitiounen dierfe si nëmmen ënner neutralem Fändel matmaachen. Eng Decisioun vum IOC, déi de COSL-President begréisst.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Fir déi Olympesch Summerspiller 2024 zu Paräis opzemaachen, ass a véier Méint, de 26. Juli, ee Spektakel mat 600 Booter op der Seine geplangt. Wéinst dem russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain goufen d’Athleten aus Russland an aus Belarus vun dëser Zeremonie ausgeschloss.

Et gëtt probéiert eng Balance ze erreechen

Dës Entscheedung hat den IOC d’lescht Woch zu Lausanne geholl. De President vum Lëtzebuerger Olympesche Comité (COSL), André Hoffmann gëtt zou, datt een, egal wéi een et mécht, et falsch mécht.

„Ech mengen et ass gutt, datt den IOC de Punkt markéiert a seet, et ass net fir déi ze feieren. Mir wëllen op där anerer Säit awer och den Individualsportler net sanktionéiere fir dat wat hir Potentater ganz uewe maachen. Ech mengen et ass déi Balance, déi ee probéiert domat ze erreechen.“

Eenzelsportler ënner neutralem Fändel

Bei de Competitioune vun den Olympesche Summerspiller si d‘Ekippen aus Russland an aus Belarus ganz ausgeschloss.

Eenzelsportler mussen ënner neutralem Fändel untrieden: si däerfen zum Beispill keng national Symboler droen.

„Dat hëlt vill Polemik ewech“

Bei der Erëffnungszeremonie de 26. Juli zu Paräis dierfe si awer nëmmen als Zuschauer mat dobäi sinn. Perséinlech, géif den André Hoffmann dat gutt fannen.

„Ouni, datt dat onbedéngt d’Meenung vum COSL ass, datt si déi Decisioun geholl hunn. Dat hëlt vill Polemik ewech, et hëlt och vill Initiativen ewech, déi ee sech hätt kënnen erwaarde vu Boykott iwwer Banderolle wärend der Feier.“

Déi Suerge wieren domat vum Dësch, begréisst den André Hoffmann.

Lauschterenplay_arrow