Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CGDIS: Wiederwarnung war absolut berechtegt

161 Asäz zanter Metternuecht

CGDIS: Wiederwarnung war absolut berechtegt

Et ass esou komm wéi d’Wiederexperten et virausgesot hunn. Dat sot de Generaldirekter vum CGDIS de Paul Schroeder. Zanter hallwer 6 haut de Moien hate si 77 Fäll vu Chutten, dat heescht Leit déi gefall sinn. Am Ufank wier et roueg ugaangen, mee elo géif et unzéien.

auto_stories

1 min

headphones

3 min

© picture alliance/dpa | Harald Tittel play_arrow
(Foto: picture alliance/dpa | Harald Tittel)

Zanter Mëtternuecht wier de CGDIS och schonn 161 Mol am Asaz gewiescht. All 52 Ambulanzen déi haut am Asaz si fueren och den Ament. Normalerweis kommen der 30 an den Asaz. 

Preparatiounen hätten an den Equippe scho gëschter ugefaangen, erkläert de Paul Schroeder. A verschiddene Asazzentere gouf dofir ordonéiert, datt Leit sech och do solle befannen, fir prett ze sinn an ze verhënneren, datt se guer net bis an den Asazzenter kommen. 

De Paul Schroeder betount, datt d'CGDIS d'Situatioun gemeeschtert kritt. Dat awer och just, well am Virfeld eng Krisewarnung eraus gaangen ass, datt d'Leit doheem solle bleiwen.

Lauschterenplay_arrow