Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Hannah Ida - Sea Of Leaves

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CFL: Méi Passagéier heescht och gréisser Erausfuerderungen

Eisebunn

CFL: Méi Passagéier heescht och gréisser Erausfuerderungen

D’CFL huet hir Projeten fir d’Joer 2024 virgestallt an e Bléck op dat vergaangent Joer geworf. D'Passagéierzuelen, déi geklomme sinn, wieren zwar zefriddestellend, géingen d'Eisebunn awer och virun nei Erausfuerderunge stellen.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Ëmmer méi Leit géifen den Zuch notzen. D’lescht Joer nach huet d'CFL den eegene Rekord mat 28.7 Millioune Clientë gebrach. Dat begréisst d’Direktioun vun der CFL – an et wéilt ee bis 2025 bal 50 % méi Sëtzplazen duerch nei Zich ubidde kënnen. 

Dat géif awer och eng Rei Erausfuerderunge mat sech bréngen: nei Park+Rides, zu Ëlwen, zu Wecker an zu Colmar-Bierg, nei Quaien ënner anerem um Houwald an eng nei Streck tëschent Beetebuerg a Lëtzebuerg solle gebaut ginn. D’Chantiere wäerten en Afloss op de Verkéier hunn. 

Zu Rodange gëtt un engem Souterrain geschafft, deen am Juni 2024 soll fäerdeg ginn. Dobäi handelt et sech net em e klassesche Souterrain, wéi de Chef fir d’Infrastruktur bei der CFL, den Alain Bombardella, erkläert, e géif net just zwee Quaie matenee verbannen, ma direkt zwee Quartieren:

"Dat ass e Souterrain dee Rodange mat dem neie Quartier, deen do nieft dem P+R wäert entstoen, wou eben och déi zwee Quartiere matenee verbonne ginn. Dofir, dass dat e Souterrain, dee siwe Meter breet gëtt, an och komfortabel Accèsen, souwuel fir d’mobilité douce, also um Vëlo an och de Foussgänger wäert bidden."

De Projet Houwald wier elo a senger zweeter Phas. Am Januar goufen d’Aarbechten nees opgeholl. En zweeten zousätzleche Quai gëtt do gebaut, dee soll dann och déi sougenannten Neibaustreck berücksichtegen. Dat ass déi nei Streck tëschent Beetebuerg a Lëtzebuerg, déi siwe Kilometer laang wäert sinn.

Aarbechten tëschent Thionville a Beetebuerg

Dowéinst stinn dann am Raum Beetebuerg eng Rei Aarbechten un. Ënner anerem d’Stroossebréck Hammerel muss ersat ginn. Vum 13. Juli bis den 11. August wäert dowéinst d’Beetebuerger Gare komplett gespaart sinn, a vum 12. August bis den 15. September wäerte keng Zich tëschent Beetebuerg an der Stad fueren.

"Dat heescht, guer keng Zich kënnen do fueren, och net vum Süde kommen. Sou datt mer e Busersatzdéngscht musse fuere vun Thionville aus. A well dat bedeit, datt mer ganz vill Bussen do mussen asetzen, hu mer gekuckt, datt déi Aarbechten an de Schoulvakanzen a Frankräich stattfannen."

D’Neibaustreck géif awer net just deene Leit eppes bréngen, déi aus Frankräich op Lëtzebuerg kommen, huet den Alain Bombardella betount. Dat ganzt Netz géif méi pénktlech gi wann déi nei Linn dann 2028 bis fiert.

Donieft huet d’CFL dann och eng nei Funktioun an hirer App virgestallt, mat där d’Clientë sech kennen driwwer informéieren, wéi eng Chantiere si betreffen a wat fir Alternativen et ginn.

Lauschterenplay_arrow