Déi Reegel war vum fréiere grénge Wirtschaftsminister Robert Habeck initiéiert ginn. Elo soll se komplett ofgeschaaft ginn. Dat bedeit, datt an Zukunft an Däitschland awer nees nei Heizungen dierfen installéiert ginn, déi just mat de fossillen Energië Pëtrol oder Gas funktionéieren.
D‘Reaktioun op déi geplangten Ännerunge sinn ënnerschiddlech. Déi Gréng warnen, datt Däitschland domat seng Klimaziler däitlech wäert verfeelen. Déi däitsch Umwelthilfe seet, d‘Regierung géif domat all d‘Wënsch vun der fossiller Lobby erfëllen.
Den CDU-Politiker Matio Voigt, Ministerpresident vun Thüringen, seet par contre, déi geplangt Entschäerfung vun de Reegele géif virun allem de Leit am ländleche Raum an an Ostdäitschland entgéint kommen, well et fir si komplizéiert an deier wier, méi ëmweltfrëndlech Systemer ze installéieren.