Radioen

On air

Popfilter  |  Viagra Boys - Man Made of Meat

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Buedemoffensiv zu Rafah: Israel stellt een Ultimatum un d'Hamas

Noen Osten

Buedemoffensiv zu Rafah: Israel stellt een Ultimatum un d'Hamas

Den israeelesche Minister a Member vum Krichskabinett Benny Gantz huet een Ultimatum fir d‘Buedemoffensiv zu Rafah an der Gazasträif gestallt. Wann d‘Hamas bis den 10. Mäerz, den Ufank vum Ramadan, net all d‘Geisele fräiléisst, géif déi israeelesch Buedemoffensiv zu Rafah ufänken, sou de Benny Gantz.

auto_stories

1 min

Benny Gantz | © picture alliance / dpa
Benny Gantz (Foto: picture alliance / dpa)

Trotz internationale Warnunge wëll Israel déi geplangte Buedemoffensiv zu Rafah, am Süde vun der Gazasträif, duerchzéien.

Zu Rafah liewen den Ament méi ewéi 1,4 Millioune Mënschen. D’Hallschent dovun si Leit, déi aus aneren Deeler vun der Gazasträif dohi geflücht si fir sech a Sécherheet ze bréngen.

UNO Geriicht befaasst sech mat israeelescher Occupatioun vu palestinenseche Gebidder

Den Internationale Geriichtshaff vun der UNO zu Den Haag befaasst sech vun haut u mat de juristesche Konsequenze vun der israeelescher Occupatioun vun de palestinensesche Gebidder zanter 1967. D‘Audienzen doriwwer sollen haut ufänken, eng 52 Länner goufe geruff fir auszesoen.

D‘UNO-Generalversammlung hat schonn am Dezember 2022, also virum aktuelle Krich an der Gazasträif, dat héchst UNO-Geriicht fir e juristeschen Avis iwwert déi israeelesch Besatzung vun de palestinensesche Gebidder gefrot.