Radioen

On air

De Weekend  |  Hamish Hawk - Men Like Wire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brittesche Premier gesäit d'nächst Woch den Donald Trump - Ukrain am Mëttelpunkt vum Treffen

Brittesch Truppen an der Ukrain?

Brittesche Premier gesäit d'nächst Woch den Donald Trump - Ukrain am Mëttelpunkt vum Treffen

De brittesche Premier Keir Starmer soll d‘nächst Woch zu Washington D.C. den US-President Donald Trump treffen. Dat huet d‘Downing Street matgedeelt. Groussbritannien huet sech bereet erkläert, Friddenstruppen an d‘Ukrain ze schécken.

auto_stories

1 min

Keir Starmer | © picture alliance / Photoshot
Keir Starmer (Foto: picture alliance / Photoshot )

An engem Bäitrag an der Zeitung Daily Telegraph schreift de brittesche Premier Keir Starmer, datt Groussbritannien an Zesummenhang mat Sécherheetsgarantie fir d‘Ukrain eng féierend Roll kéint iwwerhuelen. Dat géif am Fall vun engem Enn vum Krich och heeschen, wann néideg, brittesch Truppen an der Ukrain ze stationéieren, esou de brittesche Premier.