Radioen

On air

Notturno  |  Sam Gendel - Differences

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Brittesche Premier Rishi Sunak wëll net zerécktrieden

Vill Kritik och aus eegene Reien

Brittesche Premier Rishi Sunak wëll net zerécktrieden

De brittesche Premier Rishi Sunak wëll trotz Kritik net virun de Parlamentswalen de 4. Juli zerécktrieden. Hie géing bis zu der Ofstëmmung weiderkämpfen, esou de Sunak haut virun der Press.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance

De Regierungschef war d‘lescht Woch fréizäiteg vun der Gedenkzeremonie fir den 80. Joresdag vum D-Day a Frankräich ofgereest an hat doduerch een Treffe mam US-Präsident Joe Biden, dem Bundeskanzler Olaf Scholz an dem franséische President Emmanuel Macron verpasst.

Dat hat och an den eegene Reie fir vill Kritik gesuergt. Hien hat sech duerno dofir entschëllegt. De Sunak a seng Konservativ Tory-Partei leien an alle Sondage hannert der sozialdemokratescher Labour-Partei.