De brittesche Kinnek huet gëschter mat der Behandlung ugefaangen. Hie bleift Staatschef, mee erfëllt bis op Weideres kéng ëffentlech Engagementer. Hie wier ganz positiv a wéilt esou séier wéi méiglech nees all seng Responsabilitéiten iwwerhuelen, esou Buckingham Palace. Et goufe soss keng weider Detailer a keng Prognose fir d‘Heelung matgedeelt.
Dem Charles säi jéngste Fils, de Prënz Harry, deen an den USA lieft, reest an de nächsten Deeg a Groussbritannie fir säi Papp ze besichen.
De 75 Joer ale Charles war am Mee zejoert zum neie brittesche Kinnek gekréint ginn.