Dës Kéier ass awer keen Datum un d‘Budgetsdiskussioune gebonnen. Hannergrond wiere Manifestatiounen an der belscher Haaptstad grad ewéi de Nationalstreik, zu deem d‘Gewerkschaften opgeruff hunn.
Zéngdausende Leit hunn an de Stroossen zu Bréissel demonstréiert. Well d‘Fluchlotse streiken si praktesch all d‘Flich annuléiert. Elleng um Bréisseler Flughafe wäerten eng 60.000 Passagéier a 400 Vollen dovu betraff sinn. Tëschent siwen Auer de Moien an néng Auer den Owend wäerte keng Fligere fléien.
Demissioun net unerkannt
Ufank des Mounts hat de Premier dem Kinnek seng Demissioun ugebueden, well kee Budgetsaccord zustane koum. Deen huet D'Demissioun awer net ugeholl, an de Premier opgefuerdert, ee Budget op d'Been ze stellen. Bis 2029 wëllt de Bart De Wever zéng Milliounen Euro spueren.
Ee gréissere Sträitpunkt ass dobäi wuel eng Steiererhéijung. Déi gouf vun de franséisch-sproochege Liberale kategoresch refuséiert, wärend déi flämesch Sozialiste refuséieren, Spuermesuren am Gesondheetssecteur duerchzeféieren.