D’Waff, déi fir d’Attacke benotzt gouf, soll beim Täter fonnt gi sinn, melle belsch Medien. D’Sécherheetsmoossname bleiwen am Moment nach a Kraaft bestätegt den nationale Krisen-Zentrum an der Belsch.
The Federal Prosecutor's Office confirmed that the perpetrator of last night's shooting was identified and has passed away.
— CrisisCenter Belgium (@CrisiscenterBE) October 17, 2023
Wat war geschitt?
Um Méinden Owend géint véierel op 7 goufen zwee schwedesch Fussball-Supporter zu Bréissel erschoss an ee schwéier blesséiert. Den drëtten ass mëttlerweil ausser Liewensgefor. Kuerz virun der Dot soll de presuméierten Täter e Videomessage op Facebook publizéiert hunn, an deem hien sech zum IS bekannt huet. No der Dot ass hien op engem Scooter geflücht. Zu Bréissel gouf Terroralerte op de maximalen Niveau 4 erhéicht an am Recht vum Land op den zweethéchsten Niveau 3 gesat.
My thoughts are with those who lost their lives in the terrible and cowardly attack in Brussels. I extend my sincere condolences to their loved ones, @SwedishPM , the Swedish people as well as @alexanderdecroo for this act of violence in Belgium.
— Xavier Bettel (@Xavier_Bettel) October 17, 2023
Wie war de presuméierten Täter?
Den Abdesalem L. war ee 45-järege Mann mat tuneseschen Originnen. Nodeems hie viru véier Joer eng Ufro op Asyl gemaach hat, déi awer refuséiert gouf, war de Mann ënner getaucht.
Hie war der Police awer scho bekannt wéinst Mënschenhandel, illegalem Openthalt a Gefährdung vun der Staatssécherheet, mellt RTBF.
Seng Dot soll Näischt mam aktuelle Konflikt tëschen Israel an der Hamas ze dinn hunn, obwuel hien an engem Facebook-Post méi frei um Dag vun engem islamfeindleche Mord un dem klenge Jong aus den USA schwätzt, schreift den RTBF an engem online Artikel.
I just informed @SwedishPM of the current developments following yesterday’s attack in Brussels.
— Alexander De Croo 🇧🇪🇪🇺 (@alexanderdecroo) October 17, 2023
Our priority goes to the families of the victims to make sure they get the appropriate support.
We are now making sure the Swedish soccer fans can travel back home safely.
Et wier méiglech, datt d’ Attacke geziilt géint Schweden geriicht waren. De Kriminolog Michaël Dantinne vun der Uni Léck erkläert an enger Sendung beim belschen ëffentlech-rechtleche Radio, datt d’Bild vu Schweden an der moslemescher Welt staark ofgeholl huet. Dat no de Virfäll vu Beschiedegungen um Koran zu Stockholm.
Ulf Kristersson: Schweden nach ni sou menacéiert wéi am Moment
De schwedesche Premier Ulf Kristersson sot de Moien op enger Pressekonferenz, datt Schweden nach ni a senger Geschicht sou menacéiert wier, wéi am Moment. D‘Attentat zu Bréissel hätt sech geziilt géint Schweden geriicht.
Frankräich huet fir den Test-Match haut den Owend géint Schottland d‘Sécherheets-Mesure verschäerft. Fir de Match ginn elo duebel sou vill Polizisten zu Lille, un der belscher Grenz, agesat, wéi am Ufank geplangt. Dat huet de franséischen Inneminister Gerald Darmanin ugekënnegt.