arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bréif vun déi gréng un de Premier: 5 Fuerderunge fir Präisdeierrecht opzefänken

Präisser

|
headphones

1 min

Bréif vun déi gréng un de Premier: 5 Fuerderunge fir Präisdeierrecht opzefänken

Déi zwou gréng Deputéiert Sam Tanson a Joëlle Welfring hunn zesumme mam Co-Partei-President François Benoy en oppene Bréif un de Premier Luc Frieden geschriwwen am Kontext vun den Energiepräisser, déi um Klamme sinn als eng vun de Konsequenze vum Krich am Noen Osten.

headphones

1 min

Pressekonferenz, 03.02.2025
Pressekonferenz, 03.02.2025

Déi Gréng hu fënnef kloer Fuerderungen, fir déi Präisschwankungen an de Grëff ze kréien.

Éischtens, datt den Energie-Steierkredit fir kleng a mëttel Akommes erëm agefouert gëtt an datt och besonnesch betraffe Betriber geziilt ënnerstëtzt ginn.

Ee weidere Punkt ass, datt en nationale Mesurëpak soll kommen, mat zousätzlechen Ureizer fir op klimafrëndlech Alternativen ëmzeklammen. An déi Gréng fuerderen och, datt Lëtzebuerg bei der Finanzéierung vun der Transitioun méi eng staark Roll spillt, beispillsweis iwwer méi nohalteg Finanzinstrumenter wéi Green Bonds.

Lëtzebuerg misst sech och méi op EU-Niveau fir den Ausbau vun erneierbaren Energien asetzen.