arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Energetesch Transitioun beim Hëtze soll politesch Prioritéit ginn, esou de MouvEco

Klima

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Energetesch Transitioun beim Hëtze soll politesch Prioritéit ginn, esou de MouvEco

D’Regierung misst dëst Joer nach e Plang entwéckelen, fir an de Gebaier an an der Industrie méi Hëtzt aus erneierbaren Energien ze gewannen. De Mouvement écologique seet, datt et dringend néideg wier d’energetesch Transitioun och am Beräich vun der Wäermt zu enger politescher Prioritéit ze maachen.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / CHROMORANGE | Christian Ohde
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Christian Ohde)

Lëtzebuerg géif soss riskéieren d’Transitioun ganz ze verschleefen, esou d'Vertrieder vum Mouvement écologique. Zu Lëtzebuerg wier d’Situatioun am Moment blockéiert.

Well et den Ament kee klore Plang gëtt, géife sech eng ganz Partie Froe stellen. 

"Wie soll wat maachen? Wie finanzéiert wat? Wéi soll et geschéien?"

Dat Ganzt géif zu enger Blockade féieren, well een Acteur op den anere géif waarden:

"D'Gemenge soen, soulaang de Staat net reegelt, wie wat finanzéiert a wat muss geschéien, si mir schlecht drun. Acteuren aus dem Energieberäich soen, mir wëssen och net esou richteg, wou et higeet. De Staat sengersäits seet, d'Gemenge kéinten awer schonn eppes maachen. Se wësse jo awer, dass eppes muss geschéien." 

Fir de Mouvement écologique misst een dovu fort komme mat fossillen Energië wéi Gas oder Masutt ze hëtzen an op Wärmenetzer aus erneierbaren Energie setzen.

Expertis vun unerkannten Acteure soll genotzt ginn 

Aner europäesche Länner, wéi beispillsweis Dänemark hätten an dem Beräich scho Fortschrëtter gemaach. Déi Expertis sollt een notzen, seet d’Blanche Weber. 

"Mir plädéieren tendenziell dofir, datt ee seet, mir huelen eis wierklech en unerkannten Acteur aus dem Ausland, deen och vun der Perséinlechkeet hier, vu sengem Knowhow, well e schonn esou Prozesser gemaach huet, well en am Detail Problemer kennt, deen zu Lëtzebuerg an dësem Joer déi Strategie do erstellt. Dat ganz enk mat den Acteuren an engem transparente strukturéierte Prozess." 

Zu engem Plang géif zielen, datt d’Verantwortung tëschent dem Staat, de Gemengen an den aneren Acteure kloer géife verdeelt ginn.

Regierung soll oppen a fréizäiteg kommunizéieren 

Et bräicht donieft och e legale Kader an Iddie fir de Finanzement. Et misst ee kucken, datt dat Ganzt rentabel wier. 

"Och wann d'Stéit nach net all ugeschloss sinn. An et ass jo kloer, wat méi Stéit oder Betriber ugeschloss sinn, wat dat Ganzt méi rentabel gëtt. Mir hunn also do engersäits de Finanzement ze klären an anerersäits eng Wirtschaftlechkeet an enger Zäit, wou nach net genuch Leit ugeschloss sinn."

D’Regierung dierft elo keng Zäit méi verléieren esou nach d’Blanche Weber. Ma et dierft een awer och keng Transitioun forcéieren, soss géif ee riskéieren dass de Projet keng Unerkennung fënnt.

Et wier dofir och wichteg, datt d'Regierung op dësem Punkt oppen a fréizäiteg kommunizéiert. 

play_arrow Lauschteren