Radioen

On air

Notturno  |  Fruit Bats - It All Comes Back

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brauch de Fraesport extra Visibilitéit?

“From Passion to Purpose: Celebrating Women in Sports”

Brauch de Fraesport extra Visibilitéit?

Fraen am Sport: Zu deem Theema kann een aktuell eng Ausstellung an der Coque um Kierchbierg kucke goen. Am Zentrum vun dëser Ausstellung stinn awer net just déi Fraen, déi um Terrain oder op der Lafbunn stoungen, mee och all déi, déi ronderëm aktiv sinn. An d’Fro, ob Fraen och haut tatsächlech nach net visibel genuch am Sport sinn?

auto_stories

8 min

2014 huet de Conseil supérieur de l'audiovisuel a Frankräich festgestallt, datt de Fraesport net gutt mediatiséiert ass. Zesumme mam franséischen Olympesche Comité gouf dunn eng Journée internationale du sport féminin an d'Liewe geruff, erkläert d’Cathy Pastoret. Si schafft am Sportsministère a war fir d’Ausschaffe vun der Ausstellung an der Coque responsabel.

"Et ass esou, dass et wichteg ass, dass an dëse frankophone Länner de Fraesportdag gefeiert ginn ass", zielt si weider am 100,7-Interview. Zu Lëtzebuerg wier et elo déi zweete Kéier, datt dat de Fall ass. An déi éischte Kéier, datt de Sportsministère mat dobäi ass. "An duerch dës Initiativen huet de Fraesport schonn u Visibilitéit gewonnen", esou d’Cathy Pastoret.

Leeschtunge celebréieren a mat Stereotyppe briechen

An der Expo kritt een unhand vu Video- an Audiomaterial d’Geschichte vu verschiddene Fraen erzielt. Ënner anerem erzielt d’Extremschwëmmerin Paule Kremer, wéi si an hirer Sportaart vun Anere belächelt ginn ass. Aner Temoignage schwätzen iwwer d’Chancëgläichheet am Sport tëschent Mann a Fra, an doriwwer, datt jonk Meedercher sech net sollen ënner kréie loosse wa si hiren Dram verfollegen.

D’Cathy Pastoret erkläert, datt d’Ausstellung, déi den Numm "From Passion to Purpose: Celebrating Women in Sports" dréit, verschidden Ziler huet. Pionéierfrae solle celebréiert ginn, hiren Engagement an hir Contributioun geéiert ginn, an hir Geschichte sollen inspiréieren.

“From Passion to Purpose: Celebrating Women in Sports” an der Coque. | © MSP
“From Passion to Purpose: Celebrating Women in Sports” an der Coque. (Foto: MSP)

Am Vierdergrond stinn awer net nëmmen déi Top-Athletinnen, déi dacks an den Zeitunge stinn oder stoungen. Och déi Fraen, déi hanner de Kulisse grouss a vill Aarbecht leeschten, kommen net ze kuerz. Esou soll mat Stereotyppen gebrach, an d’Leit sensibiliséiert ginn, seet d’Cathy Pastoret.

“Wann een déi Geschichten héiert, gëtt ee sech och vläicht bewosst, wéi d'Situatioun ass. Insofern war et eis deemno esou wichteg, fir dann eeben och e bësselche méi opzemaachen an d'Athleetinnen, Arbitteschen, Dirigenten an eeben och Benevoller do an d'Liicht ze setzen an aus dem Schied erauszehuelen.”

"Loft no uewe" bei der Gouvernance

Och Fraen, déi an ieweschte Kommiteeën oder a Gremie sëtzen, spille bei der Expo eng Roll.

Am Juni 2022 sinn an engem Colloque zu Esch, mam Numm “Tou-te-s ensemble vers l'égalité hommes femmes dans le sport", Zuele vun der Soziologin Enrica Pianuro virgestallt ginn. “An déi Zuelen, déi decke sech och e bësse mat den europäeschen Zuelen, déi mir hunn”, erkläert d’Cathy Pastoret.

Wat d'Gouvernance ugeet, sou sinn an de Conseil-d’administrationen 21 Prozent vun de Vertrieder:inne weiblech. Frae stellen 9 Prozent vun de Presidenten, 29 Prozent vun de Secrétaire-générallen, an 18 Prozent vun den Tresorieren. “Dat heescht, do ass tatsächlech nach Loft no uewen”, esou d’Conclusioun vun der Cathy Pastoret.

“Ech denken, de Sport ass e bëssen ee Spigelbild vun eiser Gesellschaft. Wat mir aus der Wirtschaft an der Politik kennen, dat ass am Sport genau esou. Do sinn d'Gouvernancen och nach net gutt besat an der Form vun der Diversitéit. Do gëtt et nach net ëmmer de Reflex fir d'Frae mat u Bord ze huelen.”

Et géingen nach eng Rei systeemesch a kulturell Obstakele ginn. “Ech denken, datt et nach feelt u visibele role models, datt mir d'Stereotyppen nach ëmmer musse briechen, datt och vläicht eng Sousestimatioun vun de Kompetenzen do ass”, seet d’Cathy Pastoret.

Vläicht bréicht et nach just e bëssen, fir datt déi Diversitéit am Ugoe vun Thematike sech och effektiv ännert, mengt d’Cathy Pastoret. “Datt mir verstinn, datt et och immens bénéfique ka sinn, wann dee femininen Touch do erakënnt.”

De Vernissage vun der Expo “From Passion to Purpose: Celebrating Women in Sports”. | © MSP
De Vernissage vun der Expo “From Passion to Purpose: Celebrating Women in Sports”. (Foto: MSP)

Ënnerscheeder bannent de Sportaarten

Zeréck op den Terrain oder bei de Filet: Et gi Sportaarten, wou Frae méi representéiert si wéi an aneren. Dat léisst sech och unhand vun Zuele beleeën. D’Participatioun vu Fraen am federéierte Sport läit bei 27 Prozent. Et gi Sportaarten, déi haaptsächlech - oder op d’mannst vill - vu Frae bedriwwe ginn. “Gymnastik, Volleyball, Sport de glace”, zielt d’Cathy Pastoret op.

“Mir hunn och Sportaarten, déi scho quasi d'Paritéit erreecht hunn, wéi an der Liichtathletik, am Fechten, Badminton, Basket, Schwammen.”

An da ginn et awer och Sportaarten, wou Fraen ënner-representéiert sinn, wou also manner wéi een Drëttel Frae sinn. Dobäi handelt et sech dacks ëm Sportaarten, déi vill mat Stereotyppen a Verbindung bruecht ginn, wéi zum Beispill Boxen. Mee och do géingen Efforte gemaach ginn, betount d’Cathy Pastoret.

“Ech sinn een Escher Meedchen an ech weess, datt wa mir Boxen zum Beispill huelen, do ginn et Clibb, den Escher Boxclub ass do e Beispill, wou extrem vill Efforte gemaach gi sinn, fir Meedercher mat u Bord ze huelen, mat ganz vill Succès.”

D’Cathy Pastoret betount awer och, datt de Fraesport zu Lëtzebuerg kenges Falls an de Kannerschong stécht. “Ech denken, datt mir iwwer d’Kannerschung-Phas eraus sinn.” Et bleift awer trotzdeem nach vill ze maachen, betount déi Responsabel vun der neier Ausstellung. Déi soll dann och fir neien Elan suergen, fir datt een an der Welt vum Fraesport nei Projete kann ugoen.

Eng partizipativ an nohalteg Expo

Am Ministère schafft d’Cathy Pastoret mat u Mesuren, déi op méi Gläichheet am Sport ronderëm an um Terrain sollen hischaffen. An deem Kader géing aktuell un enger nationaler Strategie geschafft ginn, déi bis 2026 stoe wäert. De Sportsministère geet deemno ganz geziilt op de Wee, dat Theema Egalitéit am Sport ze fërderen an ze ënnerstëtzen. “Mir hu ganz vill flott Iddien”, seet d’Cathy Pastoret. "Et sinn och schonn eng ganz Partie Gespréicher mat verschiddene Partner gewiescht."

Vill Wäert gëtt beim Ausschaffe vun enger Strategie op de partizipative Prozess geluecht. Genau sou gouf et och fir d’Ausschaffe vun der Ausstellung an der Coque gemaach, wou aktiv déi verschidde Federatiounen ugeschriwwe goufen, a wou et "een iwwerraschend ganz, ganz héije Retour" gouf. Eng Lëscht vun 62 Fraen ass et herno ginn, déi een dunn op 15 reduzéiert huet. Déi 15 wieren awer representativ fir all déi, déi et net an d'Expo gepackt hunn, an déi an Zukunft vläicht ënner enger anerer Form opgeschafft wäerte ginn.

Bis ugangs Mäerz kann een d’Ausstellung an der Coque gesinn. D’Cathy Pastoret betount och, datt Nohaltegkeet eng grouss Roll spillt. Dofir wäert d’Expo duerno och a verschiddene Gemenge gewise ginn. An och op de Soziale Medien huet d’Expo eng Presenz.