Radioen

On air

Notturno  |  John Carroll Kirby - Dawn Of New Day Feat. Laraaji

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brand an der historescher Bourse zu Kopenhagen: "Eisen Notre-Dame-Moment"

Dänemark

Brand an der historescher Bourse zu Kopenhagen: "Eisen Notre-Dame-Moment"

Beim Brand de Moie vun der historescher Bourse zu Kopenhagen si Strukture beschiedegt ginn, déi d‘Gebai droen. Dat hunn déi zoustänneg Pompjee confirméiert. D‘Gebai wier zum Deel staark verbrannt. Et géing een den Ament awer net dovunner ausgoen, datt dat gesamt Gebai kéint abriechen.

auto_stories

1 min

D‘Bourse zu Kopenhagen ass zanter 400 Joer e wichtegt Emblème vun der dänescher Haaptstad. Déi markant Tuermspëtzt ass schonn agefall. Den dänesche Verdeedegungsminister huet vum däneschen Notre-Dame-Moment geschwat.

Den dänesche Kinnek Frederik sot, e wichtegen Deel vum däneschen architektonesche Kulturierwe stéing a Flamen. Wéinst dem Feier ass de Moien och e Fligel vum Schlass Christiansborg niewendrun evakuéiert ginn. Do si Büroe vun Deputéierten a Journalisten dran.