Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Bon Enfant - Trompe-l'Oeil

play_arrow Live
search

/ Jonglënster Gemengenhaus: Feier ass ganz aus

130 Pompjeeën am Asaz

Jonglënster Gemengenhaus: Feier ass ganz aus

D‘Feier am Gemengegebai zu Jonglënster ass ganz aus, dat huet de CGDIS gëschter an engem Communiqué matgedeelt. Stonnelaang hunn d’Pompjeeë géint d’Feier gekämpft.

auto_stories

1 min

De Brand an der Gemeng zu Jonglënster. | © Ben Ries
De Brand an der Gemeng zu Jonglënster. (Foto: Ben Ries)

Am ganzen hunn 130 Pompjeeën sech wärend 36 Stonnen agesat fir dee gréissere Brand zu Jonglënster ganz ze läschen. Donieft goufen och Dronen agesat.

D‘Daachgespär vum mëttelsten Deel vum Gemengegebai gouf erof geholl. Dono gëtt den Daach provisoresch nees zougemaach, fir datt et net era reent, a fir datt d‘Experten hir Aarbecht kënne maachen. De materielle Schued ass héich. 

Warscheinlech misst de mëttelsten Deel vum Gebai bis op déi baussecht Mauere komplett ofgedroen an nei opgebaut ginn, bei der Extensioun lénks och op d‘mannst den 1. Stack. Beim Bauerenhaus riets vum Gebai wier zousätzlech zum verbrannte Gespär och en enorme Waasserschued bei de Läschaarbechten entstanen. Et wier ganz schwiereg d‘Situatioun anzeschätzen, sou den DP-Buergermeeschter Ben Ries.

Iwwert d‘Brandursaach ass nach ëmmer net méi gewosst. Déi éischt Experte wiere schonn op der Plaz gewiescht, fir der Saach op d‘Spuer ze goen.