Am ganzen hunn 130 Pompjeeën sech wärend 36 Stonnen agesat fir dee gréissere Brand zu Jonglënster ganz ze läschen. Donieft goufen och Dronen agesat.
D‘Daachgespär vum mëttelsten Deel vum Gemengegebai gouf erof geholl. Dono gëtt den Daach provisoresch nees zougemaach, fir datt et net era reent, a fir datt d‘Experten hir Aarbecht kënne maachen. De materielle Schued ass héich.
Warscheinlech misst de mëttelsten Deel vum Gebai bis op déi baussecht Mauere komplett ofgedroen an nei opgebaut ginn, bei der Extensioun lénks och op d‘mannst den 1. Stack. Beim Bauerenhaus riets vum Gebai wier zousätzlech zum verbrannte Gespär och en enorme Waasserschued bei de Läschaarbechten entstanen. Et wier ganz schwiereg d‘Situatioun anzeschätzen, sou den DP-Buergermeeschter Ben Ries.
Iwwert d‘Brandursaach ass nach ëmmer net méi gewosst. Déi éischt Experte wiere schonn op der Plaz gewiescht, fir der Saach op d‘Spuer ze goen.