Radioen

On air

Resonanzen  |  Resonanzen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Feier zu Jonglënster: Sickerbrand an den Archiven nach net aus

Brand am Gemengenhaus

Feier zu Jonglënster: Sickerbrand an den Archiven nach net aus

Zu Jonglënster am Gemengenhaus brennt et nach ëmmer. Haaptsächlech gëtt et nach ee Sickerbrand an den Archiven, dofir gëtt aktuell den Daach vum Gebai erofgeholl, fir d’Läschaarbechten do kënne weider ze féieren.

auto_stories

3 min

Dem Lënster Buergermeeschter Ben Ries no, konnten all déi wichteg Dokumenter aus de Raimlechkeete gerett ginn, ausser déi an den Archiven – do wéisst een nach net wéi grouss de Schued schlussendlech wäert sinn. Een Deel vun den Archive wier och extern op Serveren digitaliséiert gewiescht. D'Gemengepersonal wäert elo d'Aarbecht per Teletravail viru féieren. Et gëtt och een Deel vum Gebai ofgerappt, fir besser un d'Feier erunzekommen.

De Brand an der Gemeng zu Jonglënster. | © Ben Ries
De Brand an der Gemeng zu Jonglënster. (Foto: Ben Ries)

"Wat awer definitiv verluer ass, dat sinn d’Pläng vun Gemengegebaier. Dat geet wahrscheinlech zréck bis déi lescht honnert Joren an do wësse mer net genau, wéi et ausgesäit. Am Nomëtten kënnte mer anscheinend, laut de Pompjeeën, eragoen an d'Archiven kucken wat do nach ze retten ass. Do ginn et jo ëmmer Méiglechkeeten fir déi ze restauréieren, deemno wéi se ausgesinn."

D‘Feier gouf kuerz no Mëtternuecht detektéiert, mellt den CGDIS. Et ware 14 Pompjeescorpsen am Asaz. Méi wéi d‘Hallschent vum Gemengenhaus ass duerch d‘Feier impaktéiert. De Buergermeeschter Ben Ries sot de Moien am 100,7-Interview, d‘Feier wier ënner Kontroll, an all déi wichteg Dokumenter, ausser déi aus den Archiven, konnte gerett ginn. D’Brandursaach bléift weiderhin onbekannt.

De Brand an der Gemeng zu Jonglënster. | © Ben Ries
De Brand an der Gemeng zu Jonglënster. (Foto: Ben Ries)

Iwwerdeems huet d’Gemeng Jonglënster eng Urgencen-Nummer fir d’Bierger en place gesat. Am Noutfall kënnen d’ Leit den 78 72 72 – 1000 uruffen.