Radioen

On air

Resonanzen  |  Isaac Albéniz - Suite Española, Op. 47, Sevilla - Juan Carlos Fernández-Nieto (Piano)

play_arrow Live
search

/ Boxerin Imane Khelif gewënnt Goldmedail

Olympesch Spiller

Boxerin Imane Khelif gewënnt Goldmedail

Bei den Olympesche Spiller huet déi algeresch Boxerin Imane Khelif de Samschdeg d‘Goldmedaill an der Kategorie bis 66 Kilo gewonnen.

auto_stories

1 min

Imame Khelif | © picture alliance/dpa | Sebastian Kahnert
Foto: picture alliance/dpa | Sebastian Kahnert

Si huet sech kloer no Punkte géint déi chineesesch Weltmeeschterin Yang Liu duerchgesat. D‘Participatioun vun der Imane Khelif zu Paräis war ganz ëmstridden. No hirem éischte Kampf war eng Polemik ronderëm hir Geschlechtsidentitéit ausgebrach.

Si war zejoert vun der Box-Weltmeeschterschaft ausgeschloss ginn, no engem Geschlechtertest vum Boxweltverband IBA, deen awer vum Internationalen Olympesche Comité net méi unerkannt gëtt. Fir d‘Zouloossung zu engem Wettkampf wier just d‘Geschlecht ausschlaggebend, dat am Pass steet, sou den IOC.