Radioen

On air

Spektrum  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bouschéisser Pit Klein gëtt am éischten Tour de 50. vu 64 Athleten

Olympesch Spiller

Bouschéisser Pit Klein gëtt am éischten Tour de 50. vu 64 Athleten

Op den Olympesche Spiller zu Paräis huet sech de Bouschéisser Pit Klein am Nomëtten an der Recurve-Qualifikatioun als 50. ënner 64 Athlete klasséiert.

auto_stories

1 min

Bouschéissen | ©  picture alliance/dpa | Sina Schuldt
Foto: picture alliance/dpa | Sina Schuldt

Hien huet 650 vu 720 méigleche Réng geschoss. Domat trëfft de 27 Joer ale Bouschéisser fréistens en Dënschden an den 32els-Finallen op de Kolumbianer Santiago Arcila, deen haut mat 673 Réng de 15. gouf.