Radioen

On air

Moiesstudio  |  Ënnerstëtzung fir Startuppen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bommenalarm op der Stater Gare: Eng Persoun gouf festgeholl

Uerder vum Parquet

Bommenalarm op der Stater Gare: Eng Persoun gouf festgeholl

An Zesummenhang mam Bommenalarm gëschter Owend op der Stater Gare huet d‘Police eng verdächteg Persoun op Uerder vum Parquet verhaft, dat deelt de Parquet an engem Communiqué mat.

auto_stories

1 min

Beim Verhafte géif et sech ëm e Mann vu 40 Joer handelen, dee gëschter am spéiden Nomëtteg ee verdächtege Pak am Informatiounsguichet vun den CFL op der Stater Gare ofginn hat.

An deem Colis wieren Objete gewiescht, déi ënnert d‘Gesetzgebung fir Waffen a Munitioun falen, dorënner Übungs-Granaten an aner militäresch Equipementer.

De Justizspriecher Henri Eippers sot op eis Nofro hin: D‘Fra am Guichet hätt direkt Alarm geschloen, dorop hi gouf d‘Gare evakuéiert.

Dee Verhafte kënnt elo virun en Untersuchungsriichter. Et gëllt wéi ëmmer présomption d’innocence