Betraff waren op d‘mannst sechs Schoulen, ënner anerem an de Stied Augsburg a Regensburg a Bayern an zu Karlsruhe a Mannheim a Baden-Württemberg. Honnerte Schüler a Schülerinne sinn evakuéiert ginn a mussen haut och net méi zréck an d‘Schoul.
Och am ZDF zu Mainz gouf et e Bommenalarm. Do konnt awer séier Entwarnung gi ginn.
D‘Hannergrënn sinn nach onkloer, d‘Police war och mat speziellen Hënn do, et gouf awer näischt Verdächteges fonnt.