Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Litany and Kai Bosch - Hello, Anxiety

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Blinken: D'Ukrain weess am beschten, wéi si sech verdeedege muss

Ziler a Russland viséieren?

Blinken: D'Ukrain weess am beschten, wéi si sech verdeedege muss

Den US-Ausseminister Antony Blinken huet Flexibilitéit ugedeit bei der Fro, ob d’Ukrain westlech Waffen och géint militäresch Ziler a Russland soll kënnen asetzen. Zënter dem Ufank vum Krich hätt d’US-Regierung hir Ënnerstëtzung fir d’Ukrain ëmmer u changéiert Bedingungen ugepasst, esou de Blinken bei senger Visitt a Moldau. Hie wier zouversiichtlech, datt een dat och weider géif maachen, esou de Minister.

auto_stories

1 min

Antony Blinken | © picture alliance/dpa | Sina Schuldt
Foto: picture alliance/dpa | Sina Schuldt

Den Antony Blinken huet preziséiert, datt d’US-Regierung Attacke mat US-Waffen op Ziler baussent der Ukrain weder méiglech gemaach, nach encouragéiert hätt. D’Ukrain selwer misst decidéieren, wéi si sech am beschte verdeedege kann. D’USA wéilten dofir suergen, datt d’Ukrain dat néideg Equipement dofir kritt.

De franséische President hat virgëschter däitlech gemaach, der Ukrain wëllen ze erlaben, militäresch Positiounen a Russland och mat westleche Waffen unzegräifen.