Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Bleift de Guy Feyder President vun der Landwirtschaftkammer?

D'Konkurrenz deet sech zesummen

Bleift de Guy Feyder President vun der Landwirtschaftkammer?

No de Wale fir d’Landwirtschaftskammer ginn et Diskussiounen ëm den zukünftege Presidenteposten tëscht den dräi Gewerkschafte Bauerenzentral, "Zesumme méi staark" an "Aktiv Baueren fir eng staark Landwirtschaft". D'Deeg vum aktuelle President Guy Feyder kéinte gezielt sinn.

auto_stories

1 min

Kéim et zur Kampfofstëmmung kéint de Guy Feyder säi Presidenteposte lass sinn. (Foto: Archiv)

Muer um Freideg gëtt den neie President gewielt. Bis elo war de Guy Feyder vun der Bauerenzentral op deem Posten. Seng Lëscht an hie selwer kruten och déi meeschte Stëmmen a kommen op sechs Sëtz. De Kandidat vun der Bauerenzentral gesäit dann och e kloert Mandat.

Well déi zwou aner Lëschten awer mat fënnef, respektiv véier Sëtz, knapp hannendru leien, gesinn och si sech als Walgewënner.

Zwee géint een?

Gëschter koume Vetrieder vun den dräi Lëschten zesumme fir e Konsens ze fannen. An engem Schreiwes, dat d’Lëscht “Zesumme méi stark” dobäi virgeluecht huet, heescht et, datt een d’Kandidatur vum Christian Hahn vun der Lëscht “Aktiv Baueren fir eng stark Landwirtschaft” géif ënnerstëtzen. Dat am Sënn vun enger Erneierung vun de Gremien an an der Landwirtschaftskammer.

Sollt et net zu engem Kompromëss kommen, mee zu enger Kampfofstëmmung, wier d’Presidence vum Guy Feyder net méi ze halen. Eisen Informatiounen no kéint d’Bauerenzentral als Alternativ den aktuelle President vun der Bauerenzentral Christian Wester als Kandidat virschloen. Als Vize-President kéim deemno de Paul Funck vun de Wënzer zum Zoch.   

Aktualitéit
Landwirtschaft
Politik a Gesellschaft