Radioen

On air

Voix d'auteurs  |  Jean Rouaud - Flamboiement de la métaphore

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Joëlle Welfring: Ëmweltschutz a Landwirtschaft mussen zesummeschaffen

Chamber Landwirtschaftskommissioun

Joëlle Welfring: Ëmweltschutz a Landwirtschaft mussen zesummeschaffen

Ëmweltschutz gëtt als Antagonist vun der Landwirtschaft duergestallt, bedauert d'Joëlle Welfring, fréier Ëmweltministerin. Fir si misste béid Acteuren awer éischter zesummeschaffen - an am beschten och mat der Drénkwaasserversuergung.

auto_stories

2 min

© Jo Diseviscourt
Foto: Jo Diseviscourt

An der Landwirtschaftskommissioun vun der Chamber sinn d’Resultater vum Landwirtschaftsdësch diskutéiert ginn. Elo gëtt een Aarbechtsgrupp gegrënnt, an deem ausgeschafft gëtt, wéi een d’Prozedure fir d’Bebauung an der Gréngzon fir d’Bauerebetriber ka vereinfachen. Dat erkläert déi fréier Ëmweltministesch Joelle Welfring.

Héich Nitratkonzentratioune am Grondwaasser

Des Weidere wier och iwwert d’Drénkwaasserschutzzone geschwat ginn, a wéi een déi bestoend Derogatioune kéint méi einfach maachen. Et wier och iwwer d’Nitratgesetz geschwat ginn, erkläert d'Joëlle Welfring.

"An och do muss een natierlech Saache maachen, déi ëmsetzbar sinn, an op der aner Manéier ass awer ëmmer drop ze uechten, datt mer vun der Kommissioun ëmmer erëm drop higewise ginn, dass eis Nitratkonzentratiounen ze héich sinn an eisen Uewerflächegewässer, awer och an der Hallschent vun eise Grondwaasserkierperen."

Problemer un der Wuerzel upaken

Déi Problemer misste seriö geholl ginn an un der Wuerzel ugepak, fënnt déi gréng Deputéiert. Et misst ee kucke wou déi Pollutiounen hierkommen a wéi eng Alternativen et gëtt, déi och fir d'Landwirtschaft interessant sinn.

Si bedauert, datt een a sou munche Kommunikatioune géif rausliesen, datt den Ëmweltschutz als Antagonismus zur Landwirtschaft géif duergestallt ginn. Dobäi misste béid Acteuren zesumme schaffen, am beschte souguer mat weideren Acteuren, wéi beispillsweis d’Drénkwaasserversuergung.

Aktualitéit
Landwirtschaft
Politik a Gesellschaft