search

/ Biolandwirtschaft: De Motor fir Transformatioun

Landwirtschaft

|
headphones

3 min

Biolandwirtschaft: De Motor fir Transformatioun

An den nächste 5 Joer solle 25 Prozent vun all den Ubaufläche biologesch bedriwwe ginn. Dat Zil huet d'EU -Kommissioun festgeluecht. D'Lëtzebuerger Agrarministesch Martine Hansen mengt, datt dat fir Lëtzebuerg net realistesch ass. Wat soen d'Bio-Baueren dozou?

headphones

3 min

D'Daniela Noesen ass Direktesch vun der Vereenegung Biolandwirtschaft Lëtzebuerg. | © Archiv
D'Daniela Noesen ass Direktesch vun der Vereenegung Biolandwirtschaft Lëtzebuerg. (Foto: Archiv)

D'Bio-Landwirtschaft soll an den nächste Jore séier wuessen. Déi lëtzebuergesch Agrarministesch Martine Hansen strieft am Géigesaz zu der EU just 15 Prozent Bio-Ubau bis 2030 un. Zu Lëtzebuerg ginn aktuell ronn 10 Prozent vun den Ubaufläche biologesch bewirtschaft.

Bio-Aktiounsplang

Déi 15 Prozent stinn am neien esougenannte Bio-Aktiounsplang, dee viru Chrëschtdag zejoert virgestallt ginn ass. Deen alen Aktiounsplang, deen ënner der blo-rout-grénger Regierung op de Wee bruecht gi war, hat 20 Prozent envisagéiert.

D'Lëtzebuerger Bio-Ziler ginn also däitlech zeréckgeschrauft.

Déi virescht Regierung war mat hiren 20 Prozent hei méi ambitiéis. Woubäi een awer och festhale muss, datt d’Gambia-Regierung an den dräi Joer zënter dem Akraafttriede vum ale Bio-Aktiounsplang, hiert Zil just zur Hallschent erreecht huet.

Ze ambitiéis Ziler? 

Op d’Fro, ob dat Zil dann net awer vläicht iwwerdimensionéiert war, sot d'Daniela Noesen, Direktesch vun der Bio-Vereenegung hei am Land, datt dëst scho sécherlech de Fall war. Zemools well do och nach verschidden aner Facteure mat ragespillt hunn. Zum Beispill, datt d’EU deemools selwer déi Guidelines nach guer net fäerdeg ausgeschafft hat.

Par contre wier et awer och wichteg, sech ambitiéis Ziler ze setzen, esou d'Direktesch vun der Bio-Vereenegung. Egal wou een hikuckt géif ee gesinn, datt d'Biolandwirtschaft als Motor fir eng Transformatioun an der Landwirtschaft ugesi gëtt.

"Mir brauchen eigentlech 100 Prozent Bio"

Eigentlech bräicht een 100 Prozent Bio-Landwirtschaft, fënnt d'Daniela Noesen. Fir dës Transitioun bréicht een zwee Pilieren: D’Produiten an de Marché.

D’Landwirtschaftsministesch Martien Hansen wier sech dessen och bewosst, ënnersträicht d’Daniela Noesen. Just esou kéint een eng Wäertschöpfungskette schafen, an Innovatioun a Fuerschung an der Landwirtschaft virun dreiwen.

Heifir misst een d’Konsumente sensibiliséieren. Wann dës zwee Pilieren stinn, da géifen d’Baueren och vu sech aus op de Wee vun der Bio-Landwirtschaft goen.

“E Bauer muss en Akommes generéieren an dofir muss ee Mäert hunn, dofir muss ee wëssen, wou seng Produiten hi kënne goen.”

Well just wou e Marché ass, kann och gewirtschaft ginn.   

Fuerderung un d'Politik 

Vun der Politik erwaart d'Daniela Noesen vun der Bio-Vereenegung sech, datt et e Regierungsoptrag fir Biolandwirtschaft ëmzesetzen gëtt.

“Jidderee weess vun de positiven Effekter, déi d'Biolandwirtschaft huet. An da geet et och drëms, mat guddem Virbild virzegoen.”

Ministèrë missten heifir mateneen zesumme schaffen. Regionale Bio-Produite misste gestäerkt ginn an do, wou staatlech Suen erafléissen, do misste Bio-Liewensmëttel prioriséiert ginn. Beispillsweis op Eventer a Schoulkantinnen, oder och soss op Gemengenniveau.

Deelëmstellung vu Konventionell op Bio 

D'Landwirtschaftsministesch wëllt konventionell Bauere verstäerkt encouragéieren, fir op d'mannst en Deel vun hirem Haff op Bio ëmzestellen. D'Daniela Noesen seet, datt eng Deelëmstellung just Sënn mécht, wa se als Tëschenetapp genotzt gëtt.

“Hei gesi mir awer, wat hei zu Lëtzebuerg am Moment éischter gekuckt gëtt, ass eeben Ziler erreechen”

Eng Deelëmstellung géif gutt an de Statistike maachen, fënnt d’Direktesch vun der Bio-Vereenegung. D'Biolandwirtschaft hätt awer Wäerter. Hei wéilt een e Kreeslaf op engem Betrib schafen an och op verschidde Mëttel verzichten. An do kéint ee keng Hallef Saache maachen.