Den neie Bio-Aktiounsplang well déi lokal Liewensmëttel-Produktioun méi no de Besoine vun de Schoulkantinnen ausbauen.
Den DP-Deputéierte Luc Emering, dee selwer Bio-Bauer ass, seet hie wier enttäuscht vum nationalen Aktiounsplang (PAN) fir d’Biolandwirtschaft. Grad a Punkto nei Marché schafen, gesäit hien an dësem PAN keen neien Ustouss fir konventionell Betriber ëmzeklammen. Respektiv wou een sech als Bio-Bauer kéint Hoffnunge maachen, esou de Luc Emering.
“Deen Deelmarché, deen dran ass, ass geféierlech, well mir dee ganze Secteur op een eenzege Part de marché ofstäipe ginn.”
Den neie PAN Bio gesäit fir, datt an de Schoulkantinnen 30 Prozent Bio-Iessen ob den Dësch soll kommen. Aktuell sinn et 25 Prozent.
Marché ausbauen
Och d’Oppositioun huet gefuerdert, datt een nieft Schoulkantinnen och Altersheimer, Spideeler oder Crèchë primär mat lokale Bio-Produite misst beliwweren. D’Agrarministesch Martine Hansen betount, datt een am gaange wier mat den Acteuren um Terrain no Weeër ze sichen.
“Mir kënnen net eng COPAS iwwersprangen an deenen eppes op erzwénge vun uewen erof, well dat ass net ee renge Staatsbetrib. An dat sinn déi Diskussiounen, déi mir elo an deem Plan alimentation féieren.”
Am Bio-Aktiounsplang ass nieft den 30 Prozent Bio-Produiten an de Kantinnen och virgesinn, datt bis 2030 80 Prozent vun de Liewensmëttel vu Lëtzebuerger Betriber solle kommen.
Méi lokal a regional
Den Ament géifen awer nach eng ganz Partie lokal produzéiert Produite feelen, fir een equilibréierte Menu zesummenzestellen, wéi d‘CSV-Agrarministesch Martine Hansen erkläert.
“Datt mir de Bedarf wierklech kucken an da probéieren ee Matching ze maache mat de Baueren, datt mir Produzente fannen, déi dat produzéieren, wat gebraucht gëtt a wat mir awer och hei kënne produzéieren.”
De Movement Ecologique hat rezent gefuerdert, datt an de Schoulkantinnen esou wäit wéi méiglech soll Bio op den Dësch kommen. Och wann dat bedeite géif, datt Restopolis manner lokal akeeft an dofir méi importéiert.